Sécherheetsfräigaben – Nofro

An der Kommissiounssëtzung vum 25te Mäerz huet de Premier wësse gedoen, dass hien de Projet de loi 6961, bei deem et ëm Sécherheetsfräigaben an d’ANS sollt goen, wäert zréckzéien. An der Fro n°8193 hunn d’Piraten scho Froe gestallt zum Projet 6961 an dem Zoustand an de Prozedure virum Vott vun dësem Projet de loi. De Besoin fir eng Gesetzesännerung besteet weiderhin, wéi een och am Exposé des motifs vun 2016 noliese kann:
“”Le Luxembourg est souvent critiqué par l’UE et par l’OTAN pour un manque de règles législatives et réglementaires claires. Les responsabilités des différentes administrations actives dans le domaine des communications (SRE/ANS, HCPN, CERT et CTIE) ne sont pas clairement définies au goût des organisations internationales alors que ces dernières sont propriétaires juridiques des informations qu’elles confient aux interlocuteurs luxembourgeois.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Autorité nationale de sécurité nach ëmmer responsabel, fir d’Sécherheetsenquêten am Kader vun den Habilitatiounsprozeduren auszeféieren? 

  2. Hunn d’Enquêteurë nach ëmmer vum SRE am Kader vun den Sécherheetsenquête integralen Zougang zu de Protokoller an de verschidde Berichter vun den repressiven Verwaltungen oder de Protokoller a Berichter vum Procureur d’État? Wann jo, huet sech un der Base légale zanter der Fro n°8193 (August 2023) eppes geännert?

  3. Hunn d’Enquêteurë Stand haut Zougang zu den Informatiounen iwwer d’Behuelen an dem Entourage vum Bewerber (an ob dës strofrechtlech relevant sinn oder net) an ob se verurteelt goufen?
    1. Wann jo, huet sech un der Base légale zanter der Fro n°8193 (August 2023) eppes geännert?Muss all Persoun am Entourage säin Accord ginn, fir datt dës Informatiounen vum SRE am Kader vun enger Sécherheetsenquête bewert kënne ginn?

  4. Hunn d’Enquêteuren Zougang zu allen Informatiounen, déi zu enger Verurteelungen, Fräispriechungen, Entloossungen oder d’Rehabilitatioun gefouert hunn, esou wei den Auteur vun den parlamentareschen Amendementer vum 25.04.2023 dat vir néideg hällt ?
    Wann jo, huet sech un der Base légale zanter der Fro n°8193 (August 2023) eppes geännert?

  5. Wat ass den aktuellen Prozentsaz vu gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op enger Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux an de Rapporten vun der Police hat?

  6. Wat ass den aktuellen Prozentsaz vu gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux  an de Rapporten vun der Justice hat?

  7. Wat ass den aktuellen Prozentsaz vu gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen procès verbaux an de Rapporten vun der Douane hat?

  8. Wat ass den aktuellen Prozentsaz vu gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu den integralen Procès verbaux an Rapporten vun der Administration de l’environnement hat?

  9. Wat ass den aktuellen Prozentsaz vu gültegen Habilitatiounen vu Mataarbechter vum Geheimdéngscht, déi op eng Enquête (initiale oder renouvellement) berouen, wou den Enquêteur accès zu dem integralen Dossier personnel vum Demandeur hat?

  10. Wéi soll et elo an dësem Dossier weider goen? Wéini ass mat engem neie Gesetzestext ze rechnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 553

Zesummenhang posts

D’Post bitt zënter 2023 de Service vum online Recommandé un, mat deem ee Bréiwer iwwert den elektronesche Wee kann un een Destinatäre fortschécken. D’Post
A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,