Sécherheet vun Gespréicher vu Ministeren

Dat opgehollent Gespréich tëscht 2 däitschen Generäl zu den Taurus Rakéieten huet fir vill Opreegung gesuergt. Mee net nëmmen d’Arméi leeft Gefor, fir een Zil vun Oplauschter-oder Hackingattacken ze ginn. Duerch déi méi onsécher international Situatioun gëtt d’Cybersecurity generell ëmmer méi wichteg, virun allem fir Entscheedungsträger beim Staat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Fro n°2246 hate mir d’Regierung schonn iwwert d’Risike vun der Kommunikatioun tëscht Ministeren op Whatsapp oder aneren net gesécherte Messengerdéngschter opmierksam gemaach. Deemools huet d’Regierung erkläert, dass:
    “”D’Benotze vu Messenger-Déngschter wei z.B. Facebook oder WhatsApp vun de Verwaltungen a Servicer, souwuel am Austausch mat de Bierger wei och an der interner Kommunikatioun, gëtt net vun der Regierung recommandéiert.””

    D’Situatioun ass haut, nom Ugrëff vu Russland op d’Ukrain, nach eng aner, wéi viru 4 Joer. Bleift d’Regierung dobäi, dass d’Kommunikatioun einfach nëmmen “net recommandéiert” ass? Oder sinn hei konkret Sécherheetsännerungen geholl ginn, déi d’Notzung vun net gesécherte Messengerdéngschter regelen?

  2. Wei gesäit Regierung de Risiko vu Fuitten am Kader vun der interinstitutioneller Kommunikatioun a wei plangt Regierung dës ze limitéieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 423

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen