D’POST-Cyberattack huet net nëmmen d’allgemeng Telekommunikatioun zu Lëtzebuerg betraff, mee och kritesch Froen iwwer d’Resilienz vun eisen Noutruffservicer opgeworf. D’Noutruffnummeren 112 an 113 sinn essenziell fir d’ëffentlech Sécherheet, an hir Disponibilitéit muss ënner allen Ëmstänn garantéiert sinn, och wann een Haaptoperateur géif ausfalen. Dës Kéier ass den 112 an 113 glécklecherweis net ausgefall.
D’Konzept vum “Multihoming” – wou ee System iwwer verschidde physesch Verbindunge mat ënnerschiddlechen Operateuren oder Netzwierker verfüügt – ass eng bewäerte Method fir kritesch Infrastrukturen ze schützen. Et ass dofir wichteg ze verstoen, ob eis Noutruffservicer dësen Niveau vun Diversifikatioun hunn, souwuel iwwer traditionell PSTN-Linne wéi och iwwer modern IP-baséiert Verbindungen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass den 112-Noutruffservice multihomed, dat heescht huet hie physesch Verbindungen (souwuel PSTN wéi och IP) mat verschiddenen Telekommunikatiounsoperateuren?
-
Gouf wärend dem POST-Ausfall d’Fonctionalitéit vun de Noutruffservicer zu all Moment garantéiert, oder gouf et Ënnerbriechungen? Den CGDIS sot bekanntermoossen datt si intern den Ausfall konnte gesinn.
-
Wéi eng technesch Tester gi reegelméisseg gemaach fir d’Resilienz vun de Noutruffservicer ze verifizéieren?
-
Existéieren national Richtlinnen oder Reglementatiounen déi verlaangen, datt kritesch Servicer wéi Noutruffzentralen iwwer Verbindunge mat multipelen Operateure verfügen?
-
Wéi staark sinn eis Noutruffzentrale vun der POST-Infrastruktur ofhängeg, a gëtt et Pläng, fir dëse Risiko weider ze diversifizéieren?
-
Huet et no dem Cyberattack eng Reevaluatioun vun de Sécherheetsprotokoller an de Backup-Systemer vun de Noutruffservicer ginn?
QP Nummer 2736