Här Buergermeeschter,
sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter eng Fro stellen.
Beim TICE suergt aktuell eng Nott de Service intern fir vill Onzefriddenheet. Bis viru kuerzem duerften d’Chaufferen nach no engem Schichtwiessel als Bäifuerer vir an der Chaufferskabinn Plaatz huelen. Wann zum Beispill op enger Gare ee Schichtwiessel staatfënnt, ass et Usus, datt de Chauffer, deen am Feierowend ass, nach eng kuerz Streck matfiert, bis en bei säin Auto kënnt.
An enger Nott de Service vun der TICE-Direktioun ginn d’Chaufferen elo gefuerdert, dat zënnerloossen. All Chauffeur, deen eng Mitfahrt huet, däerf elo net méi vir beim Chauffer setzen, mee muss hannen an de Bus sëtze goen. Wien d’Auslaaschtung vun de Busser an de leschte Wochen gesinn huet, dee wees, datt de Risiko als Passagéier am ëffentlechen Transport matzefueren méi héich ass. Net fir näischt sinn d’Chaufferen vir am Bus hannert enger Ofspärung vun de Passagéieren isoléiert. D’Chauffere musse gesond bleiwen, well si systemrelevant sinn an ouni si den ëffentlechen Transport zum Erleie kënnt.
Deemno ass elo groussen Onmut bei alle Chaufferen, dei elo och mussen e Bericht schreiwen, wann se nawell an mat Mask vir matfueren.
Ugesiichts, datt d’Péiteng am Direkteschcomité vum TICE vertrueden ass an eise Buergermeeschter och Präsident vum TICE Syndikat ass, wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter dës Froe stellen:
- Kënnen de Schäfferot a Buergermeeschter erklären, firwat den TICE dës Nott de Service erausginn huet?
- Ass et sënnvoll, datt d’Chaufferen sech a volle Bussen mussen hannen mat de Passagéier drängen, aplatz vir am Bus matzefueren, wou den Infektiounsrisiko tëschent zwou Persounen mat Mask sécherlech méi kleng ass?
Merci fir Är Opmierksamkeet an Äntwert,
Christian Welter
Gemengeconseiller