Sécherheet vu sensibele Gespréicher bei der Arméi

An Däitschland ass een Gespréich vun Membere vum Militär iwwert Taurus-Rackéiten vu Russland ofgelauschtert ginn. Laut ZDF-Informatiounen huet d’Gespréich wierklech stattfonnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gräift d’Lëtzebuerger Arméi fir intern Kommunikatioun op Web-Konferenzen zréck?

  2. Gräift d’Lëtzebuerg Arméi fir Kommunikatioune mat externe Partner op Web-Konferenzen zréck?

  3. Ginn Messenger-Déngschter wéi Whatsapp oder de Messenger vu Meta fir d’Kommunikatioun tëscht de Membere vun der Arméi genotzt? Wa jo, gesäit d’Regierung hei kee Sécherheetsrisiko?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 416

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt