Sécherheet vun den Dépôt vun der Arméi

De 4ten August ass um Sprengplatz vun der Berliner Police ee Feier ausgebrach. Dat explosiivt Material, wéi Bomen a Feierwierkskierper ass dobäi a Brand geroden an explodéiert. D’Feier huet sech séier ausgebreet a konnt och 5 Deeg méi spéit nach net ganz geläscht ginn. Hei am Land kämpfe mir momentan och géint Dréchent an d’Waldbrandgefor ass erhéischt. D’Lëtzebuerger Arméi huet an deem Kontext och Dépôte mat explosivem Material a Waffen a Bëscher.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit de Minister och hei zu Lëtzebuerg eng zousätzlech Gefor duerch d’Dréchent wat dës Dépôten ugeet? Wa jo, wat fir Schrëtt gi geholl, fir d’Entflame vun dësem Material esou wäit wéi méiglech ze verhënneren? Wa nee, firwat net?

  2. Wat fir Schrëtt si virgesinn, sollt esou een Dépôt a Flame geroden?

  3. Wéi zu Berlin, läit och hei zu Lëtzebuerg d’Autobunn A7 net wäit ewech vun dësem Dépôt. Wéi eng Schrëtt si an deem Kontext virgesinn, sollt den Dépôt a Flame geroden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6629

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen