D’Wort beriicht an engem Artikel vum 31ten Oktober 2025 doriwwer, wéi ee Schüler am Zentrum vu Lëtzebuerg vun zwee anere Jugendlechen zerschloe gouf. Et existéiere Videoopnamen vun der Gewaltdot op de sozialen Netzwierker.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Sinn eis Schoulen an d’Schoulweeër aktuell nach sécher sinn?
Wéi eng Moossname gesinn d’Ministere vir, fir géint gewaltsaamt Verhale vu Jonken virzegoen an esou Situatiounen ze vermeiden an d’Affer ze schützen?
Wéi eng Moossname kënne schnell geholl ginn, fir esou Gewaltdoten an de Schoulen an op de Schoulweeër z’ënnerbannen?
QP Nummer 3149