Aktivitéiten vum Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider

D’Lëtzebuerger Land huet an engem Artikel vum 31ten Oktober beriicht, datt d’Berodungsfirma Beta Aquarii, déi vum fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider gegrënnt gouf, am Joer 2024 ee Benefice vu 5,87 Milliounen Euro gemaach huet. Dës respektabel Zommen entstamen aus „Prestatiounen am Berodungsberäich“. An virege parlamentaresche Froen (n° 645 an 863) hat schonn nogefrot, wéi déi aktuell Regierung d’Relatioune mam Ex-Wirtschaftsminister a senge privatwirtschaftlechen Interessen handhaabt, wou si d’Firma Jan de Nul besicht hunn, wou den Ex-Wirtschaftsminister och am Verwaltungsrot sëtzt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi oft huet den Ex-Wirtschaftsminister Schneider ee Kontakt tëscht Firmen an aktuelle Regierungsmemberen oder héije Staatsbeamte vermëttelt? 

  2. Bei wéi ville vun dëse Reunioune gouf de Kontakt op Invitatioun vum Här Schneider oder Firmen, wou den Här Schneider Participatiounen huet, geholl?

  3. Goufe fir dës Reuniounen, am Kader vun de Reuniounen oder am Zesummenhang mat esou Reuniounen iergendwellech Honorairë bezuelt? Falls jo, wéi vill?

  4. Wéi vill vun deene 5,87 Millioune goufen am Zesummenhang mat Visite mat der Regierung un d’Consultingfirma ausbezuelt?

  5. Krute Firme vum Ex-Wirtschaftsminister oder déi vum Ex-Wirtschaftsminister berode goufen, staatlech Hëllefen oder Subsiden ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3157

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene