Sécherheet vun de Leit an der Wanteraktioun

Zënter ville Jore bitt d’Wanteraktioun ville Mënschen, déi op der Strooss liewen, wärend der kaler Joreszäit een Iwwerdaach an eng waarm Muehlzécht. Och den Transport op de Site um Findel gëtt owes mat enger spezieller Navette organiséiert. D’Aktioun ass immens wichteg, fir déi schwächsten an eiser Gesellschaft net hirem Schicksal an der äiseger Keelt z’iwwerloossen. Allerdéngs ginn et och verschidde Problemer bei dëser Aktioun. Et kommen immens vill Mënsche mat de verschiddensten Hannergrënn zesummen an eng zentral Struktur, wat oft zu Streit a Gewalt féiere kann. 

Wéi mir vun engem Visiteur vun der Wanteraktioun matgedeelt gouf, existéiert och ee grousse Problem vum Déifstall a Gewalt tëschent den Obdachlousen an dëser Struktur. Dee besotene Mann, zum Beispill, gouf wärend sengem Openthalt an der Wanteraktioun vu senge Matmënsche beklaut a menacéiert an huet wéinst dëser Erfarung all d’Vertrauen an d’Aktioun verluer, esou, datt en léiwer op der Strooss iwwernuecht. Sécherlech kann een ee Fall net generaliséieren an d’Aktioun ass fir vill Visiteure sécherlech eng Wuehltat. Allerdéngs ass et am Interessi vun alle Bedeelegten, wann esou Problemer opgeschafft a verbessert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit hunn d’Wanteraktioun an de leschte 5 Joer genotzt (opgelëscht no Joer)? Ginn  d’Infrastrukturen um Findel nach duer, fir de Leit een agreabelen Openthalt z’erméiglechen?

  2. U wéi eng Reegele mussen sech d’Visiteure vun der Wanteraktioun halen?

  3. Wéi gëtt d’Sécherheet vun de Visiteuren an dem Personal an der Wanteraktioun garantéiert?

  4. Sinn de Verantwortleche vun der Wanteraktioun Fäll vu Gewalt an Déifstall an der Wanteraktioun bekannt? Falls jo, wéi vill Fäll goufen et? Wat gouf am Uschloss gemaach, fir d’Situatioun ze verbesseren?

  5. Wou kënnen d’Visiteure wärend der Iwwernuechtung hier Wäertsaache sécher lageren? 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene