Sécherheet am Loftraum

 Den 30te Januar 2025 ass et zu engem schwéiere Fluchaccident Washington komm, wou e Regionalfliger mat 64 Leit u Bord no enger Kollisioun mat engem Militärhelikopter an de Floss Potomac gestierzt ass. D’Rettungsdéngschter sinn am Asaz fir no Affer ze sichen.

Dësen tragesche Virfall suergt net nëmme fir eng grouss Bestierzung, mä werft och eng Rei Froen op, wat d’Sécherheet am Loftraum an d’Koordinatioun tëscht der ziviller Loftfaart an dem Militär ugeet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Moossnamen a Prozedure gëtt et zu Lëtzebuerg, fir d’Sécherheet am Loftraum ze garantéieren a fir d’Zesummenaarbecht tëscht der ziviller Loftfaart, de Forces publiques a dem Militär z’optimiséieren?

  2. Ginn et zu Lëtzebuerg reegelméisseg Sécherheetsexercicen, déi eng séier Asazfäegkeet vun de Rettungsdéngschter am Fall vun engem Fluchaccident testen, an a wéi engem Intervall fannen se statt?

  3. Wéi eng international Initiativen ënnerstëtzt Lëtzebuerg, fir d’Sécherheetsstandarden an der Aviatioun weltwäit ze verbesseren an d’Koordinatioun tëscht de Memberstaaten an deem Beräich ze verstäerken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1867

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt