SDK an hier Beroder am Gemengesecteur

Vill Gemengen hei am Land gräife fir d’Offallmanagement op d’Servicer vun der SuperDreckskëscht (SDK)zeréck, enger staatlecher Aktioun an Hand vun enger Privatfirma. Reporter.lu schreift an engem Artikel vum 15te Februar Folgendes:

“Rund 20 Berater der SuperDrecksKëscht beraten kostenlos Firmen, Gemeinden und Privatleute in Abfallfragen. Bezahlt werden auch sie vom Staat. Angestellt sind sie jedoch bei der Firma Oeko-Service. Unabhängige Umweltberater hingegen erhalten keine Unterstützung und müssen Gemeinden und Firmen ihre Dienstleistung in Rechnung stellen. Im Konkurrenzkampf mit der SuperDrecksKëscht sind sie also quasi chancenlos.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Servicer bitt SDK de Gemengen insgesamt un a wéi eng Servicer huelen d’Gemengen am meeschten an Usproch, bzw. fir wéi eng Servicer ginn am meeschte Suen ausginn?

  2. Ginn d’Käschte vun de Beroder vun der Superdreckskëscht direkt vum Staat iwwerholl? 

  3. Kënnen och d’Käschte vun anere Beroder, déi de Gemengen am Ëmwelt- an Offall-Froen zur Säit stinn, direkt vum Staat iwwerholl ginn?

  4. Wéi eng Gemenge gräifen net op d’Servicer vun der SDK zeréck?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3680

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen