Ufanks Mäerz huet d’Online-Plattform reporter.lu iwwert Mëssstänn bei dem mat mindestens 21 Milliounen Euro subventionéierte Science Center geschriwwen. Dës Mëssstänn goufe vun direkt e puer Quellen ervirbruecht an och un eis si Persounen erugetrueden déi, zumindest Deeler, aus dëse Revelatioune confirméiert hunn. Rieds geet vu Verstéiss géint d’Néierloossungsrecht, opaque Finanzstrukturen déi un d’Konstrukt vun der Superdreckskëscht erënneren an e Gérant, dee Suen hin an hir réckelt, wéi et e grad arrangéiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister confirméieren datt GGM 11 S.à r.l. de 6. Mäerz keng gülteg Autorisation d’établissement hat?
-
Hat GGM 11 S.à r.l. de Ministère, wéi den Artikel 29 vum Gesetz iwwert d’Autorisation d’établissement et virgesäit, innerhalb vun 1 Mount iwwert den Doud vum gérant technique informéiert?
-
Gouf GGM 11 S.à r.l. duerno eng temporär Autorisatioun wéi am Artikel 29 virgesinn, ausgestallt?
• Wa jo, gouf dës verlängert a wa jo, wéini?
• Wa nee, zanter wéini ass d’Firma ouni Autorisation d’établissement? -
Huet de Ministère déi am Gesetz virgesinnen Demarchen déclenchéiert?
QP Nummer 7720
Question parlementaire 7721
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi een op myguichet.lu nokucke kann, huet d’Firma keng gülteg autorisation d’établissement. Huet e Procureur d’Etat sech mat der Affär saiséiert, wéi den Artikel 40 vum Gesetz iwwert d’autorisation d’établissement et virgesäit?
-
Wéi schätzt d‘Ministesch et an, datt eng Persoun Member vum Verwaltungsrot ass, déi vun der CSSF d’Honorabilitéit oferkannt krut?
-
Ass et am Aklang mam Statut vun der Gemengnëtzegkeet, wann 15 vun 30 Memberen an engem Veräi fir deem säi gréisste Fournisseur schaffen an 10 Weiderer fir de Veräi selwer an domadder de Fournisseur de facto iwwert d’Zesummesetzung vum CA entscheede kann?
-
Ass et fir de Gérant vun enger gemengnëtzeger ASBL ubruecht, fir nieft enger Paie um Niveau tëscht engem Staatssekretär an engem Minister och nach eng Paie vun där hirem gréisste Fournisseur ze kréien? Gesäit d’Madamm Ministesch do kee potenziellen Interessekonflikt?
-
Ass et fir ee Gérant vun enger gemengnëtzeger ASBL ubruecht, fir generéis Speserechnungen unzeheefen an dës vun engem Fournisseur vun dëser ASBL bezuelen ze loossen?
QP Nummer 7721
Question parlementaire 7722
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Ministère confirméieren, datt Patenter, déi am Kader vum Science Center erschafe goufen, exklusiv bei dëser ASBL leien?
• Falls nee, wéi eng Patenter ginn et a wien hält dës?
• Falls nee, goufen et Paiementer tëscht dem Veräin an enger Firma (z.B. GGM 11 oder IP Finance II) fir dës Patenter? Eventuell och indirekt bei den Akafspräisser?
• Falls jo, goufen dës Patenter remuneréiert wann z.B. GGM 11 dës genotzt huet, fir eppes ze bauen oder ëmzesetzen? -
Kann de Ministère versécheren, datt et keng intern Dokumenter vun deem Veräi gëtt, deen sech quasi exklusiv duerch staatlech Subventiounen um Liewen hält, deen eng eenzeg Privatfirma strukturell bevirdeelegt?
-
Gouf dem Ministère d’Offer gemaach fir d’Firma GGM 11 S.à r.l. opzekafen? Wa jo, zu wéi engem Präis?
-
Ass et fir e Gérant vun enger gemengnëtzeger ASBL ubruecht, fir generéis Speserechnungen unzeheefen an dës vun engem Fournisseur vun dëser ASBL bezuelen ze loossen?
QP Nummer 7722
Question parlementaire 7723
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass d‘Regierung der Meenung, datt Associatiounen, déi iwwert 50% vun hire Recette vum Staat kréien, sech och missten un d’Gesetzer vun de marchés publics halen? Sachant, datt d’Gesetz vum 8. Abrëll 2018 en « organisme de droit public » definéiert als :
“« tout organisme présentant toutes les caractéristiques suivantes :
i. il a été créé pour satisfaire spécifiquement des besoins d’intérêt général ayant un caractère autre qu’industriel ou commercial ;
ii. il est doté de la personnalité juridique ; et
iii. soit il est financé majoritairement par l’État, les communes ou par d’autres organismes de droit public, soit sa gestion est soumise à un contrôle de ces autorités ou organismes, soit son organe d’administration, de direction ou de surveillance est composé de membres dont plus de la moitié sont désignés par l’État, les communes ou d’autres organismes de droit public.»” -
Wien ass responsabel fir d’Kontroll vu Verstéiss géint d’Gesetz vum 8. Abrëll 2018 iwwert d’Marchés publics? Wat sinn d’Konsequenze fir ee Veräi wéi de Science Center, wann dësen d’Dispositiounen net respektéiert?
QP Nummer 7723