Schwéngshaltung um Fräiland

Ee groussen Deel vun eiser Gesellschaft erniert sech bal all Dag vu Fleeschprodukter. Dës setzt viraus, dass fir d’Fleesch fir d’Konsumenten hierzestellen massenhaft Déieren mussen ëmbruecht ginn. A villen Dokumentarfilmer, Reportagen an Zeitungsartikelen ass schonn iwwert dës Masseproduktioun beriicht ginn, déi op Déierentransporter, Schluechthaiser a vill Déiereleed baséiert. Des Weideren ass d’Fleeschproduktioun immens ressourcenintensiv a verursaacht vill Offallprodukter an eiser Loft (CO2), am Buedem oder am Waasser. 

Fir vun der Masseproduktioun a senge Konsequenzen ewechzekommen, muss dee ganz System ëmgekrempelt ginn: d’Déierenzuucht an d’Fleeschhierstellung kënnen méi nohalteg ginn. 

Et existéiere schonns Alternativen zur Massendéierenzuucht. Esou hale verschidde Leit a kleng Gesellschaften hei am Land hier Déieren op fräier Fläch dobaussen. Dës Form vun Haltung eegent sech souwuel fir Déierefrënn, mee och fir Produzente vun héchster Qualitéit vu Fleesch. Grad bei Schwéngefleesch, wou d’Baueren ënnert héijem Präisdrock schaffe mussen, stellt d’Haltung vu Schwäin um Fräiland eng respektvoll Alternativ zum Masseproduktioun duer. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Betriber a Privatpersounen halen hier Schwäin zu Lëtzebuerg an der Fräilandhaltung?

  2. Wéi ass d’Haltung vu Schwäin am Fräiland zu Lëtzebuerg gesetzlech gereegelt?

  3. Wéi eng Geneemegunge sinn erfuerderlech, fir Schwäin am Fräiland dierfen ze halen a wien stellt déi Geneemegungen aus?

  4. Wéi steet de Landwirtschaftsminister zu der Promotioun vun der Fräilandhaltung vu Schwäin?
    Wéi eng Aktioune vum Ministère promouvéieren d’Fräilandhaltung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6001

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt