Schwamme léieren

D’Schwammmeeschteren zu Lëtzebuerg sinn net nëmmen um Bord vum Baseng, mee och um Bord vun der Verzweiflung. Zanter 15 Joer fuerderen si e Changement an der Schwammpolitik, well d’Kanner ëmmer manner gutt schwamme kënnen.

Dës Entwécklung ass bedenklech, well d’Schwamme kënnen net nëmmen am Kader vun der Gesondheet an der Fräizäitgestaltung wichteg ass, mee och liewenswichteg ka sinn. Wa Kanner net méi richteg schwamme léieren, kéint dat an Zukunft zu méi Accidenter am oder um Waasser féieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Mesurë gesäit de Ministère fir, fir d’Schwammfäegkeete vun de Kanner nees ze verbesseren?

  2. Wäert de Ministère d’Schwammmeeschteren an d’Veräiner beim Ausschaffe vun engem Aktiounsplang mat abannen, fir vun hirer Expertis ze profitéieren? 

  3. Wéi kann een d’Eltere méi staark sensibiliséieren, fir datt si d’Wichtegkeet vum Schwamme léiere fir hir Kanner erkennen?

  4. Ass virgesinn d’Schoulmeeschteren an der Grondschoul an an de Lycéeën am Beräich vum Schwammunterrecht besser ze forméieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2251

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt