Schutz vun Afghaneschen Zivilisten déi am Krich gehollef hunn

Den Trupperéckzuch aus Afghanistan stellt d’Afghanen virun eng immens ongewëss Zukunft. Vill vun hinnen hunn am Kader vun de Militär-Missiounen am Land de westleche Länner (zum Beispill als Iwwersetzer) zur Säit gestanen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4093 huet de Bausseminister erkläert, dass:

“D’Sécherheet vun den Afghanen an hire Familljen, déi um Terrain an der „Resolute Support” Missioun matgehollef hunn, ass fir d’international Communautés vu grousser Wichtegkeet. Diskussiounen, wéi een deene Leit am Beschte kann hëllefen, sinn nach am gaangen.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn am Kader vun deene vum Minister ugeschwaten Diskussiounen schonn Entscheedunge getraff ginn?

  2. Kann eng Persoun, déi beweise kann, fir Europäesch oder Amerikanesch Zaldoten am Afghanistan geschafft ze hunn, zu Lëtzebuerg Asyl accordéiert kréien? Falls jo, kritt och d’Famill, déi der Gefor vu Vergeltungsschléi am Afghanistan ausgesat ass, d’Recht op Asyl zu Lëtzebuerg unerkannt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4408

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt