Schoulreesen

D’Schoulreesen mat engem pädagogeschen Interessi (z.B.: Besuch vun engem Musée, kulturell Entdeckung vun enger Stad, …), mat oder ouni Iwwernuechtung(en), sinn zënter jeehier Deel vun der edukativer Traditioun zu Lëtzebuerg. Bei dëse Reese ginn d’Schüler vu verschiddenen Enseignantë begleet, déi d’Missioun hunn, souwuel d’disziplinär Opsiicht iwwer d’Kanner ze garantéiere wéi och hinnen déi néideg pädagogesch Betreiung ze bidden. Wärend e puer Ubidder (z.B.: Muséeën, Jugendherbergen, …) heiansdo eng “Schoulgrupp” Formel ubidden, wou eng gewëssen Unzuel u Schülertickete Recht op e gratis Entrée fir Enseignantë gëtt, ass dat net ëmmer de Fall fir all Ubidder.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn d’Schoulreesen an d’Ausland, déi e pädagogeschen Interessi hunn, vun Natur hir als Déngschtreese fir d’Enseignanten ugesinn, wéi am Règlement grand-ducal du 14 juin 2015 sur les frais de route et de séjour ainsi que les indemnités de déménagement des fonctionnaires et employés de l’État?

  2. Kann den Här Minister bestätegen, datt d’Enseignanten e Recht op d’Réckerstattunge vun den effektiv entstane Käschten hunn, fir d’Schüler kënnen ze begleeden (z.B.: d’Tickete fir déi virgesinn Aktivitéite wärend dëse pädagogesche Reesen)?

  3. Bleift den Enseignant géint Aarbechtsaccidenter gedeckt wann hien d’Schüler bei dëse Schoulreesen begleet?

  4. Sinn d’Äntwerte vum Här Minister op déi virdru gestallte Froe fir all d’Klassen aus de ëffentleche Schoulen, also ESG, ESC an ESE nämmlecht gülteg? Wann nee, wéi eng Ënnerscheeder gëtt et hei?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 890

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt