Scholdestand bei de Gemengen

Aktuell ginn an de Gemengeréit hei am Land d’Budgeten fir d’Joer 2023 diskutéiert an ofgestëmmt. Et ass am ëffentlechen Interessi, dass d’Gemengen nohalteg mat de Steiergelder ëmginn. Aus dësem Grond hunn déi lokal Verwaltungen streng Reegelen, wat d’Opnam vun neie Scholden ugeet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch fir 2022 eng Oplëschtung vum Scholdestand vun alle Gemenge virleeën? Wat ass d’Pro-Kapp-Verscholdung pro Gemeng?

  2. Wéi héich sinn d’Recetten aus der Gewerbesteier (ICC) fir déi verschidde Gemenge fir d’Joer 2022?

  3. Wéi héich sinn d’Dotatiounen aus dem Dotatiounsfong vun de Gemengen (Fonds de dotation globale des communes) fir déi eenzel Gemenge fir d’Joer 2022?

  4. Wéi héich sinn d’Recettë fir déi eenzel Gemengen am Budgetsposten “Vente de Terrains” (Budgetsposten 261100) fir d’Joer 2022?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7374

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt