Schold Steierverwaltung – Entreprisen

An enger fréierer Fro n°6146 hunn mir eis zu de Steiererklärunge vu Privatpersounen informéiert. Et ass awer och intressant ze wëssen, wou d’Steierverwaltung drun ass, wat d’Entreprisen ugeet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Steiererklärunge vun Entreprisen aus dem Joer 2019 a virdru sinn nach net clôturéiert?  Kann d’Ministesch dës Zuele pro Joer (an deem d’Erklärung agereecht gouf) opschlësselen?

  2. A wéi ville Fäll gouf an deene leschten 10 Joer een Decompte vun der Administration des contributions directes (ACD) opgestallt, dee méi héich wéi 50.000 € war?

  3. A wéi ville vun dëse Fäll hunn déi betraffe Firme mat der Steierverwaltung ee Plan de paiement opgestallt?  Wat fir Zënse ginn dee Moment gefrot a vu wat ass d’Héicht vun dësen Zënsen ofhängeg?1

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6952

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten