Schnellluetstatiounen op all Tankstell

Context:Aktualitéitsstonn iwwert d’COP26

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Regierung huet am Koalitiounsofkommes d’Transitioun op d’Elektromobilitéit als ee Käruleies definéiert, woubäi den Undeel un Elektroautoen op eise Stroossen an den nächste Jore klamme soll;
  • Fir d’Transitioun vun enger fossiller op eng reng elektresch Mobilitéit z’erméiglechen, muss d’Unzuel u Luedeinfrastrukture massiv erhéicht ginn;
  • Aktuell existéiert keng Obligatioun, déi virgesäit, dass op den Tankstellen eng Mindestunzuel un ëffentleche Luetstatiounen disponibel ass;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. um gesamten Tankstellereseau hei am Land virzegesinn, dass eng bestëmmten Unzuel un Zapsailen op all Statioun am Land musse Schnellluetstatiounen sinn.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen