Schlass zu Eesebuer

D’Schlass vun Eesebuer, dat zanter 2009 a senger Integralitéit (“les immeubles du Château d’Eisenborn, y compris le jardin et l’étang”) als Monument national klasséiert a geschützt ass, steet anscheinend viru gréissere Verännerungen:

Virun e puer Wochen huet d’Gemeng Jonglënster en Avis aushänke gelooss, mat deem d’Bierger a Biergerinnen opgefuerdert goufen, sech zur “Démolition de la grange de l’ancien couvent de Eisenborn” ze äusseren. Gemengt ass de lénke Fligel vum Schlass a Bauhär ass de Fonds du Logement, deen zanter 30 Joer Proprietär vun de Gebailechkeeten ass. Een Deel vum Gebai soll ofgerappt an duerch en Neibau ersat ginn.

An hirem Avis schwätzt d’Gemeng vun der “Démolition d’une grange”, wärend an den Accusés de réclamation vun der “Démolition partielle du Château d’Eisenborn” geschwat gëtt. Et handelt sech hei net ëm eng klassesch Scheier, mee ëm Ställ, Wirtschaftsräim a warscheinlech och Wunnraim fir d’Personal. 

De Fonds du Logement krut am Februar 2022 an engem Schreiwes vum Kulturministère matgedeelt, datt d’Demolitioun duerchgefouert ka ginn ënnert der Bedéngung, datt d’Fënstersténg, d’Encadrementer vun de Portaler an nach aner Hasteng versuergt solle ginn, wat kloer drop hindeit, datt et sech ëm eng stenge Konstruktioun, an net ëm eng einfach Scheier handelt. Wann all dës Steng solle versuergt ginn, sou kann een sech d’Fro stellen, ob et net besser wier, dëst denkmalgeschützte Gebai stoen a renovéieren ze loossen. 

Der Gemeng Jonglënster, déi hir Demolitiounsprozedur elo provisoresch gestoppt huet bis d’Fro vun der richteger Designatioun vum Niewegebai gekläert ass, sinn d’Hänn gebonnen: dat betraffent Gebai ass zwar Deel vun engem Monument national, awer am PAG net als solcht geschützt. Si ka sech deemno der geplangter Demolitioun net widdersetzen, mä héchstens dofir suergen, datt dat neit Gebai vun der Bausseform hir deem alen entsprécht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Madamm Kulturministesch, d’Schlass vun Eesebuer ass als Ganzt geschützt. Ass et ze veräntwerten, en Deel dovun ofzerappen, fir op der selwechter Plaz erëm eppes Neies opzeriichten? Wéi ass dat ze justifiéieren, och virum Hannergrond vun der Konventioun vu Granada, déi Lëtzebuerg 1985 ënnerschriwwen huet, a wou et dorëm geet “à éviter que des biens protégés ne soient défigurés, dégradés ou démolis” (Art. 4.2.)?

  2. Madamm Kulturministesch, wéi ass et ze erklären, datt d’Bezeechnung vun engem Gebai sou schwiereg ass? Kann dat vläicht dorop berouen, datt sech net genuch mat der Geschicht vun de Gebailechkeeten ausernee gesat gouf?

  3. Madamm Kulturministesch, am Februar hudd Dir dem Fonds du Logement Ären “Accord de démolition” ginn. Wéi ass dëse Schrëtt nozevollzéien, well et sech jo em en Monument national handelt, an Dir gläichzäiteg betount, datt d’Fënstersténg, d’Encadrementer vun de Portaler an nach aner Hasteng versuergt solle ginn?

  4. Här Logementsminister, de Fonds du Logement wëll, no laangem Hin an Hir, Wunnengen am Schlass vun Eesebuer ariichten. Wéi vill Wunnenge sollen hei entstoen? Wann et e Kapazitéitsproblem sollt ginn, da kéint een och den Daachstull nach ausbaue, well dee fréier méi héich war.

  5. Här Logementsminister, wisou kann dëse Projet vum Fonds du Logement net am Kader an am Respekt vun de bestoende Gebaier geschéien? Ass d’Ofrappe vun engem Deel vun engem historesche Gebai an en Neibau ökologesch ze veräntwerten? Wier et hei net um Staat mam gudde Beispill virzegoen an eng Virreiderroll am respektvollen Ëmgang mat eisem Patrimoine anzehuelen?  

  6. Madamm Inneministesch, ass et normal, datt de Klassement vun engem Gebai als Monument national keen Nidderschlag am PAG vun der betraffener Gemeng fënnt? Wéi vill esou Fäll ginn et? Wann dëst Usus ass, misst deen Ëmstand net verännert ginn?    

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6079

Zesummenhang posts

Den 21te Juli dëst Joer gouf vun der deemoleger Majoritéit Arméisgesetz ofgeännert. Am neien Artikel 32 gouf een Evaluéierungssystem vun den Zaldoten agefouert, deen
D’Piraten hunn haut eng Kommissiounssitzung an der Chamber ugefrot, fir mat der Mobilitéitsministesch iwwert d’Situatioun vum Handling am Cargozenter ze diskutéieren. https://www.rtl.lu/news/national/a/2145521.html
Verkéiersmeldungen erhalen déi meescht Leit am Auto ëmmer nach iwwert de Radio. Wien en neien Auto huet, kritt awer och vun Zäit zu Zäit