Schlaganfäll zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg hunn ongeféier all Dag 4 Leit e Schlaganfall. E Schlaganfall gehéiert zu den Erkrankunge vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, déi déi heefegst Doudesursaach hei am Land duerstellen. Laut den Zuele vun der Santé, waren cerebrovaskulär Erkrankungen 2022 d’Ursache fir 5,4 Prozent vun allen Doudesfäll hei am Land. E Schlag féiert awer net ëmmer zum Doud a vill net ugebuere Behënnerungen sinn oft d’Folleg vun engem Schlag. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit maache pro Joer zu Lëtzebuerg e Schlag? Wéi vill vun hinne ginn dono a lëtzebuerger Klinicke behandelt? Wéi vill dovu landen an enger sougenannter stroke unit?

  2. Wat ass d’Altersstruktur vun dëse Patient:Innen a wéi verdeelt se sech statistesch Moyenne, Median, Quartilen)?

  3. Kann d’Ministesch bestätegen, dass 60% vun dëse Patient:Innen duerno op eng Reha-Moosnahm ugewise sinn?

  4. Wéi gesäit d’Prise en charge no der Intensivphase aus? Ënnerstëtzen d’Klinicken d’Patient:Innen an hier Famillje beim Iwwergang an eng Reha-Ariichtung a wann se nees heem ginn?
    • Wa jo, wéi gesäit dës Ënnerstëtzung aus?
    • Wa nee, wien ass dofir zoustänneg?

  5. Wéi laang dauert am Duerchschnëtt eng Behandlung no engem Schlag? Wéi vill Prozent vun de Patient:Innen kënnen duerno nees heem goen? Wéi vill Prozent ginn duerno an en Alters- oder Pfleegeheem iwwerwisen?

  6. Wéi vill Schlagpatient:Innen ginn aktuell am nationale Rehazenter a wéi vill an enger anerer Rehaariichtung behandelt? Wéi ass jeeweils d’Altersstruktur vun dëse Patient:Innen?

  7. Wéi vill Schlagpatient:Innen ginn aktuell am Ausland behandelt? Besti Konventiounen oder eng aner Form vun Zesummenaarbecht tëscht lëtzebuergesche Klinicken an auslännesche Rehazenteren? Wa jo, wéi gesäit dës Zesummenaarbecht aus? 

  8. Wat sinn d’Haaptdestinatiounen am Ausland, wou Schlagpatient:Innen aus Lëtzebuerg iwwerwise ginn? Wéi ass d’Altersstruktur vun dëse Patient:Innen? Wéi laang dauert am Duerchschnëtt eng Behandlung am Ausland? Wien organiséiert de Suivi, wann déi Patient:Innen aus der Reha entlooss ginn?

  9. Wéi steet d’Gesondheetsministesch zu de Virwërf aus dem Artikel “Angehörige von Schlaganfallpatienten fühlen sich alleine gelassen” aus dem Lëtzebuerger Wort vum 14te Mee 2024, datt de nationale Rehazenter bei de fräie Plazen d’Prioritéit op méi jonk Patiente leit an dowéinst deels keng eeler Patient:Innen opgeholl ginn an d’Famillje vun de Patient:Innen sech no der Akutbehandlung eleng gelooss fillen? Ass d’Ministesch der Meenung, dass et an dësem Punkt Verbesserungspotential gëtt?

  10. Wéi steet d’Regierung zum vun der Blëtz asbl gefuerderte “Schlaganfall-Lotsen”?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 803

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene