Schlackstaub zu Esch wéinst Arcelor Mittal

De 25ten Abrëll koum et zu Esch zu enger “Schlackenstaub”-Wolléck, déi duerch d’Aarbecht vun ArcelorMittal op hirem Site zu Belval verursaacht ginn ass. D’Mataarbechter vun der Firma hunn laut Tageblatt den Dag selwer Prouwen geholl. D’Awunner, d’Ëmweltverwaltung an den TICE, déi vun der Wolléck an der Verschmotzung betraff waren, fuerderen laut Artikel Arcelor op, fir d’Verschmotzung ze botzen respektiv fir fir d’Botzaktioun finanziell opzekommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Ëmweltverwaltung hei scho Réckmeldung op hir Fuerderung kritt, datt Arcelor d’Botzaarbechte bezuelt? Wa jo, wat huet ArcelorMittal matdeele gelooss?

  2. Wéi steet d’Regierung zur Fuerderung, datt de Schlackegruef misst iwwerdeckt ginn, fir datt esou Wolleken net weider kënnen entstoen?

  3. Wäert d’Ëmweltverwaltung hei weider intervenéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 672

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt