Schenkungen u Reliounsgemeinschaften

ASBLen a Fondatiounen, déi Ierfschaften oder Schenkungen iwwer 30.000 Euro erhalen, musse beim Justizminister eng Geneemegung ufroen, fir dës Suen dierfen unzehuelen.
Am Artikel 10 vun der Konventioun tëscht dem Lëtzebuerger Staat an de reliéise Communautéiten heescht et: “Chaque organe représentatif de la communauté religieuse concernée pourra, sous sa responsabilité, créer une fondation d’utilité publique à autoriser par le Ministre de la Justice.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn all d’konventionéiert Reliounsgemeinschaften am Land sech dofir entscheet, eng Fondatioun ze ginn?
    Falls net: Wéi ënnerscheet sech de Statut vun de verschiddene Reliounsgemeinschaften? 

    Wéi eng Alternativen zur Form vun der Fondatioun wiere fir d’Reliounsgemeinschafte méiglech?

  2. Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis de Justizministère eng agereeschten Demande fir eng Schenkung oder Iewschaft iwwer 30.000 Euro un eng Reliounsgemeinschaft autoriséiert oder oofleent?
    Falls dës Informatioun net bekannt ass: Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis de Justizministère eng agereechten Demande fir eng Schenkung oder Ierfschaft iwwer 30.000 Euro un eng Fondatioun autoriséiert oder ofleent? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8386

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier