Schantjen op der Collectrice zu Péiteng

Zënter méi wéi engem Joer sinn op der Collectrice zu Péiteng reegelméisseg Bauaarbechten. A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°586 d’lescht Joer hat de Minister mir geäntwert, datt eng Adaptatioun vun engem Reewaasserbaseng zu Péiteng an der Rue de la Piscine gemaach gëtt. Elo war et esou, datt de Schantje gutt e puer Méint fäerdeg war, ma virun e puer Méint erëm een neie Schantjen hei opgemaach huet. Allerdéngs ass d’Markéierung vun der Fuerbunn net optimal: di giel Linnen, déi sech mat de wäisser Stroossemarkéierung vermëschen, si virun allem an der Nuecht net ze gesinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Handelt et sech bei dësem Schantjen nach ëmmer ëm den nämmlechte Projet, wéi d’lescht Joer? Falls jo, firwat gouf de Schantje kuerzzäiteg pauséiert an elo erëm een neien opgemaach?

  2. Aktuell sinn och vill Aarbechten op besotenem Schantjen ze gesinn. Wéi gesäit den Zäitplang fir dëse Schantjen aus a bis wéini wäert d’Strooss erëm fräi sinn?

  3. Firwat ass dëse Schantjen (Stand haut) net op cita.lu ze gesinn?

  4. Kann de Minister senge Servicer weiderleeden, de Schantje scho vu wäitem besser siichtbar ze maachen, z.B. mat LED-Warnsignaler an enger mi siichtbarer Stroossemarkéierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2862

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst