Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Schallrechner fir Wärmepompelen

Fir eng klimafrëndlech Wirtschaft opzebauen, musse mer vun de fossillen Energien ewechkommen. Dat bedeit och, dass mer fir d’Hëtze vun eise Gebaier vu Gas a Masutt ewechkomme wäerten. Aktuell bitt d’Technologie vun de Wärmepompelen eng gutt Alternativ dozou. A fréiere parlamentaresche Froen (3600 & 6217) gouf schonns drop opmierksam gemaach, dass d’Wärmepompelen awer vill Kaméidi maachen. 

An der Äntwert op d’Fro 6217 schreift d’Ministesch, dass de Choix vu Wärmepompele mat gerénge Schallemissioune säit kuerzem e Krittär ass, fir eng Subventioun fir eng nei Wärmepompel (Klimabonus) kënnen ze kréien. 

Den Artikel 4 an d’Annexe vum groussherzogleche Reglement vum 7ten Abrëll 2022 gräift heifir op eng Bewäertung an Dezibel zeréck. Dës Bewäertung dréit awer den Ëmstänn net Rechnung, wou a wéi eng Wärmepompel installéiert gëtt. Dofir existéieren aner Krittären, déi zum Beispill mam Modell vum Schallrechner kënne bewäert ginn.
“Der Schallrechner ermöglicht die Beurteilung der Lärmimmissionen von Luft-Wasser-Wärmepumpen […] im Tagbetrieb zu Zeiten erhöhter Empfindlichkeit und während der Nacht. Mit der Berechnung ist eine Abschätzung der Lärmimmissionen an schutzbedürftigen Räumen (maßgebliche Immissionsorte) auf angrenzenden Grundstücken bzw. die Ermittlung des notwendigen Abstands der Wärmepumpe möglich. […]”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fannen och bei der Regierung Iwwerleeunge statt, fir an Zukunft de Kaméidi iwwert ee Schallrechner ze bewäerten?
    Falls jo, wou sinn d’Aarbechten drun, wat ass fir Lëtzebuerg geplangt a bis wéini wäert esou ee Modell fir Lëtzebuerg stoen?
    Falls nee, firwat net?

  2. D’Ministesch schreift an hirer Äntwert och, dass d’Gemengen eleng Kompetenz hunn, fir de Kaméidi, dee vun den Installatiounen ausgeet, ze reegelen:
    “De Kaméidi, dee vun techneschen Equipementer ausgeet, also och dee vu Wärmepompelen, kann duerch Gemengereglementatiounen gereegelt ginn.”

    Deemno kann et gutt sinn, dass eng Wärmepompel, déi ee bestëmmte Kaméidis-Wäert iwwerschreit, an enger Gemeng erlaabt ass, an där anerer awer net. Ass d’Regierung hei der Meenung, dass dës Approche déi richteg ass? Falls jo, firwat wëll een net higoen an eenheetlech technesch Reegelen um gesamten Territoire festleeën?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7483

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll