Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung vun der Vorratsdatespäicherung. Dat digitaalt Bréifgeheimnis, de Schutz vun der Anonymitéit an d’Onscholdsvermuddung mussen an engem demokratesche Rechtsstaat héichgehale ginn.
Zu Lëtzebuerg sinn d’Telekommunikatiounsfirmen zënter der Aféierung vum Gesetz vum 30te Mee 2005 gezwongen, fir all d’Telekommunikatiouns- an Internetverbindungen zu Lëtzebuerg fir eng Dauer vu 6 Méint ofzespäicheren an der Justiz souwéi dem Geheimdéngscht zur Verfügung ze stellen.
Dës massiv Späicherung vun Donnéeë baséiert op europäeschen Direktiven. Den Europäesche Geriichtshaff huet zu dësen Direktiven an e puer Urteeler ganz kloer gesot, dass Vorratsdatespäicherung géint d’europäesch Grondrechter verstéisst, ënnert anerem well et net proportional ass, dass privat Date vun enger ganzer Bevëlkerung wéi mam Staubsauger opgesammelt ginn.
Aus deem Grond kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun haut een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten begréissen, dass d’Regierung no jorelaangem Waarden net méi op d’EU waart a sech dem Urteel upasse wëll. Den Entworf huet de Merite een Entworf ze sinn – leider net méi.
Mir Piraten wëlle kloer soen, dass mat dësem Gesetz d’Virratsdatespäicherung net wäert ofgeschaf ginn an eise Staat weiderhi fest un der Approche vun der Virratsdatespäicherung wäert festhalen. Et handelt sech weiderhin ëm ee Fräifaahrtschein fir Daten ze sammelen. D’Proportionalitéit ass an eisen Aen net ginn an et riskéiert een, dass d’Kommunikatioun op alternativ Plattformen (Dark Web) ausweecht, wärend de Groussdeel vun de Leit hir Donnéeë mussen oppeleeën, trotz Onscholdsvermuddung a Bréifgeheimnis.
D’Pläng vun der Justizministesch sinn an eisen Aen eng Gefor fir d’Privatsphär am ëffentleche Raum. Dat, wat mat deem neie Gesetz soll gemaach ginn, riskéiert Nieweneffekter ze schafen, déi mer duerno net méi kontrolléiert kréien.
Ee Beispill: ëffentlech Wifi-Spots misste massiv Donnéeë vun de Leit ofspäicheren, wat d’Anonymitéit um Internet de facto géing ofschafen. Ouni Anonymitéit um Internet brénge mer de Quelleschutz fir Journalisten, Affekoten a Politiker a Gefor.
Zweet Beispill: déi geografesch Späicherung vun Donnéeë géif et erlaben, dass Aktivisten an Demonstrante kéinte fichéiert ginn, wat zu engem Ofschreckungseffekt fir Manifestatioune kéint féieren.
Dat neit Gesetz bréngt deemno keng Verbesserung, mee ass weiderhin ee Staubsauger. Mir Piraten bleiwe fest bei eiser Fuerderung: schaaft d’Vorratsdatespäicherung of. Dat digitaalt Bréifgeheimnis, d’Recht op Anonymitéit an d’Onscholdsvermuddung mussen an engem fräiheetlechen an demokratesche Rechtsstaat héichgehale ginn.