Satellite fir d’Ukrain

Starlink ass ee Satellitesystem, dat zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun fir d’Verdeedegung vun der Ukrain genotzt gëtt an dem Land gehollef huet, fir net digital komplett ofzebriechen. Den Elon Musk, Besëtzer vu Starlink, huet rezent ugedeit, dass ouni de Starlink d’Verdeedegung vun der Ukrain géif zesummebriechen an domadder méi oder manner direkt dem Land gedrooht, fir de Starlink ofzeschalten.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro am Dezember 2024 hat d’Ministesch geschriwwen, dass d’lëtzebuergesch Satellitten vun der SES nach net operationell wiere fir een Asaz an der Ukrain. A Kommissiounssitzungen hat d’Ministesch och erkläert, dass d’Satellitekapassitéiten och fir d’Ukrain kéinte genotzt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass den neie lëtzebuergesche NEO SES Satellit schonn am Asaz a wieren, am Fall vun enger Ofschaltung vu Starlink, Kapassitéiten fräi, fir d’Ukrain mat Satellitekommunikatioun z’ënnerstëtzen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2061

Nofro: An der Äntwert op meng virëg parlamentaresch Fro n°2061 hat d’Ministesch geschriwwen, dass Lëtzebuerg als Co-Leader vun der IT Coalition amgaangen ass “mat

Estland an der Ukraine z’analyséieren, wéi an dësem Kader Satellittekommunikatiounskapazitéite genotzt kënne gi fir d’Ukrain z’ënnerstëtzen.”

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

Wéi een Datum wëll d’Regierung sech ginn, bis déi éischt Satellitekommunimatiounskapazitéiten fir d’Sécherheet vun der Ukrain kënne genotzt ginn?

fro n°2107

CHD

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen