Zéngdausende vu Leit hunn et scho virun dir gemaach: sief och du elo dobäi!
Du bass Single a bezils ze vill Steieren?
Da bass du genee richteg hei: d’Piraten präsentéieren hier Partnervermëttlungsagentur
“Däi Partner fir d’Steierklass 2” !
Mat dësem ganz einfachen Trick kanns du all Joer bis zu dausenden Euroen u Steiere spueren.
Wéi geet dat?
Ma dat ass ganz einfach: de Staat hëlt sech vu jidderengem, dee kee Partner huet, méi Steieren. Den Trick dobäi ass ganz einfach: et muss een sech eng aner Persoun sichen, déi och Single ass an sech dann einfach zesummendoen an dat offiziell op der Gemeng vun dengem Vertrauen an eng Partnerschaft androe loossen. .
Firwat mussen unerkannte Koppele manner Steiere bezuelen?
Ma well eis almoudesch Gesetzer hei am Land dat esou virgesinn. Eng Koppel, déi bestuet ass oder an enger Partnerschaft, muss manner bezuelen, wéi zwee Singelen, déi dat selwecht verdéngen. De Staat ënnerstëtzt ganz kloer de Liewensmodell vun der Koppel.
Ass dat nach zäitgeméiss?
U sech net. Natierlech entsprécht et nach enger Mentalitéit vum 19te Joerhonnert, wou et komesch ugesi war, wann ee mat 20 nach Single war.
Firwat gëtt et dat dann iwwerhaapt nach an engem Land wéi Lëtzebuerg?
Sécherlech kéint een higoen an de Steiersystem einfach mol änneren, andeems een d’Gesetz ännere geet. Mir Piraten fuerderen dat jo schonns zënter Joren. Allerdéngs ass et esou, dass dës Regierung net wierklech Loscht op esou eng Steierreform huet.
Dat ass awer net schlëmm: dofir ginn et jo elo Partnervermëttlunge wéi eis, déi dofir suergen dass och du net schlecht beim aktuelle Steiergesetz ewechkënns !
Jo, ech wëll !
Ma da lass: Einfach an de Kommentaren hei ënnendrënner eng Annonce asetzen.
Eisen net existéierenden, héichautomatiséierten, dateschutzfräien Algorithmus© mécht de Rescht a fënnt dir Ruckzuck däi Partner fir d’Steierklass 2 !*
Vertrau och du op d’Wonner vun der Steierklass 2: och du kanns manner Steiere bezuelen !
* Falls den Algorithmus grad erëm ee Bug huet oder ofstiertzt, sicht eise Stagiaire iech dee beschte Match.