Sammelen, Analyse an Uwendung vun Date wärend der COVID-19-Pandemie

Den 24. Abrëll huet d’Plattform JIF 2020 (Journée internationale des Femmes) een Appell un d’Regierung an un d’Deputéierten addresséiert, fir verschidde sozio-ökonomesch Donnéeën z’erhiewen an ze verëffentlechen, fir op déi Mannéier kënnen Analysen ze maachen iwwert den Impakt vun der COVID-19 Kris op déi eenzel Geschlechter an Akommensschichten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis vun dëse Fuerderungen ?

  2. Plangt d’Regierung den Demanden vun dëser Plattform Rechnung ze droen?

  3. Ass d’Regierung der Meenung datt dës Donnéeën als “Open Data” sollten verëffentlecht ginn?

  4. Wéi laang schätzt d’Regierung, datt se wäert brauchen, fir dës Donnéeën z’erhiewen, ze verschaffen an ze publizéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2096

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene