Salaire vun de Luxair-Aarbechter a Coronazäiten

D’Corona-Pandemie an déi dovun ausgoend Beschränkungen op d’Wirtschaft hunn dozou gefouert, dass am Loftverkéier Fligeren hu missten um Buedem bleiwen an d’Geschäftsaktivitéit op quasi null reduzéiert gouf. Heivunner sinn och d’Luxair an hir Mataarbechter betraff. 

D’Employéeë vun der Luxair, déi am Normalfall hiere Salaire duerch Weekendtariffer opstocke konnten, verdénge mam Agräife vum Chômage partiel nëmmen nach ronn 80% vun hirem normale Salaire , dëst well de Chômage partiel op 80% vum Grondsalaire plus d’Moyenne vun de Primmen berechent gëtt. 

Den Aarbechtsminister selwer hat den 3ten Abrëll 2020 an engem RTL-Interview gesot, dass et all Patron fräi géif stoen méi u seng Salariéeën ze bezuelen ewéi déi 80% vum Chômage partiel. De Staat selwer besëtzt ronn 39% vun den Aktië bäi Luxair an ass domadder och am Verwaltungsrot vun der Entreprise stëmmberechtegt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass de Staat an dëser Krisesituatioun – am Hannergrond vun der d’Ausso vum Aarbechtsminister – mam gudde Beispill virgoe misst a bei der Luxair misst Drock maache, fir dass d’Salariéen 100% vun hierem Salaire kréien?
  2. Goufen et säitens der Regierung Pläng, fir d’Luxair dozou ze beweegen, datt d’Employéeën hiere Grondsalaire zu 100% ausbezuelt géife kréien, dh, datt Luxair déi restlech 20% vum Salaire iwwerhëllt?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen