Ëmgang mat russesche Kulturgidder

Duerch den Ugrëff op d’Ukrain duerch dem Putin säi Regimm hunn schonn honnerten Zivilisten hiert Liewe verluer a Milliounen hunn hiert doheem musse verloossen. Elo ass et awer esou, dass net all russesche Staatsbierger mat dësem Krich an den Decisioune vum Kreml averstanen ass. Trotzdeem gouf et, nieft de Sanktioune géint de Regimm an seng Vertrieder, och Decisiounen, déi de russesche Konscht- a Kultursecteur betraff hunn. Esou wéi zum Beispill d’Verdecke vun der Statur vum Juri Gagarin zu Munneref oder d’Spärung vu Russesche Filmer beim lëtzebuerger Filmfestival.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi muss mat der russescher Kultur an den Ausdréck vun dëser Kultur duerch Film, Konscht a Statuen an den Ae vun der Madamm Ministesch ëmgaange ginn?

  2. Wéi steet d’Madamm Ministesch zu engem kategoresche Verbuet vu russescher Kultur? Denkt d’Madamm Ministesch net, dass een hei ganz kloer tëscht kremlfrëndlechen an onofhängege Kënschtler a Konschtgéigestänn misst ënnerscheeden?

  3. Wäert d’Madamm Minister op Gemengenniveau intervenéieren, fir de Gemengen des Nuancë méi no ze bréngen?

  4. Wéi soll an den Ae vun der Ministesch mat Statuen ëmgaange ginn, déi een Zesummenhang mat Russland hunn? Wëll d’Ministesch hei Krittäre festleeën, fir willkürlech Decisioun ze vermeiden?

 

Source Foto: https://www.google.com/maps/place/Yuri+Gagarin+Portrait+Sculpture/@49.5009354,6.2824279,3a,75y,90t/data=!3m8!1e2!3m6!1sAF1QipNMKVs0J2UaBtPSlZTnl0O1gGbRBj5M1igcq50p!2e10!3e12!6shttps:%2F%2Flh5.googleusercontent.com%2Fp%2FAF1QipNMKVs0J2UaBtPSlZTnl0O1gGbRBj5M1igcq50p%3Dw203-h152-k-no!7i4160!8i3120!4m5!3m4!1s0x47953f9feaf94f85:0xd45c7d215b81927e!8m2!3d49.5010343!4d6.2821267

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5960

Zesummenhang posts

Start um 19h15 Stand Sektiounen Tour de Table iwwert de Stand vun de Sektiounen. Aktuell si folgend Proporzgemengen sécher: Stad, Kayl, Péiteng, Suessem, Käerjeng,
D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a
Obwuel d’Recht op Privatsphär an d’Recht op eng reegelkonform automatiséiert Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten duerch eng ganz Rei national an europäesch Texter geschützt ginn,