Rupture vum medezinesche Cannabis – Wéini gëtt een neie Fournisseur fonnt?

Säit Mäerz 2021 gëtt et fir blo, giel a roud markéierte medezinesche Cannabis eng national Rupture de Stock. Vill Leit sinn gezwongen hiert Cannabis-Traitement ze ënnerbriechen an nees op klassesch Schmerzmëttel (mat all de bekannten Niewewierkungen) ëmzesteigen oder hunn sech missten um Schwaarzmaart ëmkucken, wou et keng Garantie gëtt, ob den ugebuedene Produit net mat ongesonden Zousätz gestreckt gouf. Esou huet déi aktuell Rupture de Stock een direkten Afloss op d’Gesondheet vun de betraffene Patienten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat hätt kéinte gemaach ginn, fir sou eng Situatioun ze vermeiden? Plangt d’Regierung an Zukunft méi Kontrakter mat zousätzleche Fournisseuren ze ënnerzeechnen, fir esou Rupturen an Zukunft besser ze vermeiden?

  2. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4282, huet d’Ministesch erkläert, dass:  

“Fir e Liwwerenkpass ze verhënneren, gouf Enn 2020 eng nei Ausschreiwung publizéiert fir nei Liwweranten ze fannen. Ënnert den agetraffenen Offere waren der e puer net zoulasseg a vun deenen zoulassegen Offeren huet keng mat de Critère vum Cahier des charges iwwerteneegestëmmt. Doropshi gouf eng nei Offer ausgeschriwwen, déi zur Zait awer nach ausgewaert gëtt. D’Méiglechkeet fir Produiten ausserhalb vun den Ausschreiwungen ze bestelle sinn a Bezuch op de Budget an d’Disponibilitéit begrenzt.

3. Wéi vill Offere waren der Regierung am Kader vun dëser Ausschreiwung gemaach ginn? A wéi enge Punkten hunn déi zoulässeg Offeren net mat de d´Critère vu cahier des charges iwwerenee gestëmmt?

4. D’Ministesch huet och 2020 erkläert dass eng nei Offer ausgeschriwwe gouf. Wéini gëtt dës Ausschreiwung clôturéiert, falls se et nach net ass? Wéi vill Offere si bis elo am Kader vun dëser Ausschreiwung agaangen?

5. Kann de Gesondheetsministère een Zäitkader ginn, an deem dës nei Ausschreiwung clôturéiert an een neie Fournisseur engagéiert ka ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4549

Aus der Äntwert vun der Ministesch geet ervir, dass kleng Liwwerungen Enn Juli un d’Spidolsapdikte wäerte goen. Eng méi grouss Liwwerung, déi d’Besoinen nees ganz decke soll, gëtt fir Enn September 2021 erwaart. Liest déi ganz Äntwert hei am PDF.

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023