Wat feelt genau u Medikamenter zu Lëtzebuerg?

Nodeems de Gesondheetsministère op d’Fro n°4045 keng richteg Äntwerte ginn huet, hunn d’Piraten décidéiert nach eemol nozefroen.

An der Äntwert op meng Parlamentaresch Fro n°4045 huet d’Gesondheetsministesch erkläert: “Am Joer 2020 krut d’DPM am Duerchschnëtt 50 bis 60 Notifikatioune pro Mount iwwer Indisponibilitéite vu pharmazeutesche Spezialitéiten, déi vu Firmen deklaréiert goufen a fir déi an der grousser Majoritéit vun de Fäll Alternativen existéieren.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.01.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
  2. Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.03.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
  3. Wéi vill pharmazeutesch Spezialitéite waren der DPM no den 1.05.2021 als indisponibel gemellt (an absolutten Zuelen)?
  4. Wéi vill spezifesch Packaginge waren der no DPM den 1.01.2021 als net verfügbar gemellt (an absolutten Zuelen)?
  5. Wéi vill spezifesch Packaginge waren der no DPM den 1.03.2021 als net verfügbar gemellt (an absolutten Zuelen)?
  6. Wéi vill spezifesch Packaginge waren der no DPM den 1.05.2021 als net verfügbar gemellt (an absolutten Zuelen)?
  7. Wéi vill Antibiotika (injektibel Formen) ware bei der Gesondheetsdirektioun den 1.01.2021 als net disponibel gemellt?
  8. Wéi vill Antibiotika (injektibel Formen) ware bei der Gesondheetsdirektioun den 1.03.2021 als net disponibel gemellt?
  9. Wéi vill Antibiotika (injektibel Formen) ware bei der Gesondheetsdirektioun den 1.05.2021 als net disponibel gemellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4213

QP Nummer 4220

QP Nummer 4228

Zesummenhang posts

J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté
Um Site vun der SNCA kann een noliesen “”Il est interdit de changer le numéro d’immatriculation d’un véhicule déjà immatriculé au nom d’une personne.
Fir d’Sécherheet an eiser Gesellschaft ze garantéieren, brauch et ee staarke Rechtsstaat. Ee staarke Rechtstaat bedeit, dass Strofdoten erkannt, verfollegt a sanktionnéiert ginn. De