De Starsky Flor iwwert d’Biergerbedeelegung

De Starsky Flor bei RTL an der Tribune Libre

De Schutz vun der individueller Privatsphär, d’Begleedung vun der Digitaliséierung an en transparente Staat, dat sinn d’Kär-Uleie vun de Piraten.

Léiwen Nolauschterer, 

Mäin Numm ass Starsky Flor, ech si Spriecher vun der Piratepartei an ech sti fir eng Politik, déi net nëmme fir d’Bierger, mee och vun de Bierger gemaach gëtt. 

D‘Biergerbedeelegungass nämlech en Thema, dat mir besonnesch wichteg ass. Politesch Participatioun ass e Grondrecht, dat geschützt an ausgebaut muss ginn.

Säit e puer Deeg kann een am nationale Geschichtsmusée an der Staat eng Ausstellung kucke goen, iwwert d‘Entwécklung vum Walrecht zu Lëtzebuerg. Géi dir dës Ausstellung ukucken! Du wäerts gesinn, datt ufangs vum 19te Joerhonnert just déi Leit wiele goe konnten, déi genuch bezuelt hunn. An och Fraen hunn deemools net dierfe wiele goen. Béides haut Gottseidank onvirstellbar ! 

Nëmmen doduerch, dass couragéiert Leit sech dofir staark gemaach hunn, datt d’Bierger – all d’Bierger – eng Stëmm an der Politik kruten, konnt de System verännert ginn.

Och haut, am Joer 2019 brauche mir nach dëse Courage:
Jidderengem seng Stëmm muss eppes wäert sinn– a muss nach vill méi Wäert ginn. D’Pirate wëllen, datt d’Biergerinnen a Bierger méi an d’politesch Diskussioun abezu ginn. 

Dofir hunn d’Piraten en neien Internetsite, iwwer deens du haut well deng Propose fir eng Question Parlementaire erareeche kanns. 
Géi einfach op www.fro.lu a proposéier deng Fro un d’Regierung.

Doriwwer eraus wäerten d’Piraten an de kommende Wochen e ganz konkrete Gesetzesvirschlag an der Chamber deposéieren fir d’Aféieren vun engem sougenannte Biergerrot. Dëse Rot soll aus ganz normale Léit bestoen, déi zoufälleg iwwer Lous ausgewielte goufen an ebe keng Beruffspolitiker sinn. Si solle selwer gemeinsam Léisunge fir politesch Problemer ausschaffe kënnen. An der Belsch gëtt et esou ee Biergerrot well méi laang a mir Pirate fannen, datt et och zu Lëtzebuerg héich Zäit gëtt, de Schrëtt zu méi Biergerbedeelegung ze woen.

Falls och du Loscht hues, dech fir d’Biergerpartizipatioun an der Politik staark ze maachen, oder falls de einfach méi Informatiounen iwwert d’Piraten an hier Aarbecht sichs, géi op www.piraten.lu 

Mäin Numm as Starsky Flor, ech si Spriecher vun der Piratepartei an ech soen Dir villmools Merci, datt s du mir nogelauschtert hues.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister