D’Piratepartei steet fir Transparenz a Biergerbedeelegung.
D’lëtzebuerger Land steet kuerz virun de nächste Gemengewalen.
Et ass deemno un der Zäit dës Piraten-Themen och an der Gemengepolitik no vir ze bréngen,
well Transparenz a Biergerbedeelegung bidde grad um lokale Plang Potenzial fir ee neie Politikstil,
deen de Bierger direkt a politesch Entscheedungsprozesser abënnt.
Ass eng Gemeng fréier nach « en bon père de famille » geréiert ginn,
erënnert se haut dach vill méi un eng mëttelstänneg Entreprise, déi mat ëffentleche Gelder versicht dem Bierger de beschtméigleche Service ze bidden.
Op d’Gemenge kommen hautdesdaags ëmmer méi grouss Erausfuerderungen duer.
Mir Pirate sinn dofir der Meenung,
dass een d’Biergerinnen an d’Bierger mat an d’Boot hëllt!
Dofir wëlle mir Piraten eis an de kommende Gemengewale staark maachen.
Eis ass et wichteg, datt bei Entscheedungsprozesser,
bei deenen eis Steiergelder agesat ginn,
eng gréisstméiglech Transparenz muss herrschen.
Ma wéi steet et aktuell em d’Thema Transparenz an de Gemengen ?
An der Zäit war d‘Reegel, datt reegelméisseg Lokaljournalisten an de Gemengeréit present waren,
fir Entscheedunge vum Gemengerot kritesch ze begleeden
an eng Berichterstattung iwwert aktuell Projeten an Decisiounen ze garantéieren.
Dat ass haut leider ëmmer manner de Fall.
Ëmmer manner Gemenge maache vun hire Gemengerotssitzungen een detailléierte Rapport, an deem ALL Stëmm am Gemengerot ofgebillt gëtt.
Froe vu Conseilleren fannen an dëse Rapporten dacks keng Plaz.
Dat ass an den Ae vun eis Pirate keng gesond Entwécklung fir d’lokal Demokratie, well kritesch Stëmmen aus dem Gemengerot net bis bei d’Bierger duerchdréngen.
Ee Gemengerot ass ëffentlech. Dat heescht all Bierger huet d’Recht an ee Gemengerot kucken ze goen.
Leider hu vill Gemengen d’Gewunnescht hir Versammlunge wärend den Aarbechtszäiten ofhalen.
D’Bierger missten sech also extra Congé huele fir dohinner ze goen an ze héiere wat geschwat gëtt.
Och dat ass an den Aen vun de Piraten alles anescht wéi biergernoh.
Wat misst also geschéien, fir d’Gemengen a Saachen Transparenz an d’21. Joerhonnert ze bréngen?
Vill Gemenge missten hir Approche zum Thema Transparenz iwwerdenken an erauskommen aus engem Féierungsstil aus dem leschten Jorhonnert. Zäit vun de Verhandlungen hannert zouenen Dieren, ënnert Ausschloss vun der Öffentlechkeet sinn elo eriwwer.
Gemenge sollte verflicht ginn, ee Livestream – entweder an Toun oder Videoformat – vun hire Gemengerotssitzungen ze maachen.
E Livestream vun de Gemengerotssitzunge géif et erlaaben, datt d’Bierger aus der Gemeng
d’Aarbecht vun hire gewielte Vertrieder kënnen transparent novollzéihen an héieren wat déi verschidde Meenungen a Froen zu den beschwaaten Theme sinn. Dëst ass wichteg fir den demokrateschen Debat.
Doriwwer eraus hätten och d’Journalisten duerch den Asaz vun enger Toundatei erem een Accès op d’Decisioune vun enger Gemeng a kéinten Disfunktionnementer oder Inkohärenzen erausschaffen an kritesch hannerfroen.
Och de Problem vu Gemengerotssitzungen déi an den Aarbechtszäite stattfannen a wou d’Bierger keng Méiglechkeet hunn hinzegoen, kéint duerch en Livestream an Toun oder Video iwwerwonne ginn.
Wann Dir dës Iddien gefaalen an och s du dir wënschs, datt d’Gemengen hir Biergerinnen a Bierger méi matabannen, dann bass du bei de PIRATEN richteg.
Eng modern a fair Gemeng vun haut ass eng Gemeng, déi d‘Zeechen vun der Zäit erkannt huet, Transparenz an Biergerbedeelegung an de Virdergrond vun hirer Poltik stellt.
Wanns e Mënsch bass, deen dru gleeft, datt een selwer kann eppes veränneren, dann bass du elo well e Pirat. Gëff och du aktiv bei de Piraten.
Engagéier dech bei eis an hëllef mat, eis Gemengen, an eist Land, no vir ze bréngen.
Main Numm ass Charly Muller, ech si Pirat zu Park Housen.