Wann et ëm d’Fraerechter geet, si mir Piraten der Meenung dass et hei zu Lëtzebuerg Nohuelbedarf gëtt, besonnesch bei der Ofdreiwung.
D’Piratepartei steet fir de Prinzip vun der fräier Selbstbestëmmung iwwert Ugeleeënheete vum perséinleche Liewen.
De Staat soll sech drop beschränken, fir dës Selbstbestëmmung ze garantéieren.
All Mënsch huet d’Recht iwwert hiren eegene Kierper ze entscheeden.
De Staat dierf dës Rechter a kengem Fall aus ideologeschen oder reliéise Weltbiller aschränken.
All Fra soll fräi a verantwortungsvoll iwwer säin eegent Liewen an der Gesellschaft entscheede kënnen.
Leider ginn et am Beräich vun der Ofdreiwung hei am Land nach vill administrativ, sozial an och finanziell Hürden.
Et ass zum Beispill net z’akzeptéieren, dass eng Fra hir perséinlech Entscheedung virun enger Verwaltung oder engem Beamten am Gesondheetsberäich justifiéieren, noweisen oder erkläre muss.
D’Prozeduren sinn heefeg komplizéiert an stigmatiséierend. Vill Fraen fillen sech beim Thema Ofdreiwung eleng gelooss a vir-veruertdeelt.
Dës kann zu Drocksituatiounen, Verzweiflung a geféierleche Situatiounen féieren.
Dofir fuerderen d’Piraten eng fräi zougänglech, entkriminaliséiert Ofdreiwung fir all Fra mat der beschter medezinescher Versuergung, an enger neutraler, fakultativer Berodung.
Eng Ofdreiwung soll zu 100 Prozent anonym a gratis virgeholl kënne ginn.
D’Bürokratie reduzéieren, den Accès fir jidderee garantéieren, Anonymitéit an e respektvollen Ëmgang mat de betraffene Fraen. Dat sinn déi grondleeënd Wäerter, em déi et hei geet.
D’Ofdreiwung dierf keen Tabuthema sinn. Et brauch Sensibiliséierung op allen Niveauen, vun der breeder Gesellschaft bis hin an d’Schoul wou déi jonk Generatiounen iwwer hir Rechter, sollen breet informéiert ginn.
Natierlech musse mer an deem Kontext och iwwert Verhütung schwätzen.
Eng sensibiliséiert Gesellschaft ass ee vun de Schlësselen fir eng méi gerecht Gesellschaft.
Eisen Asaz muss global ausgeriicht ginn: mir mussen d’Fraen an deene Länner ënnerstëtzen, wou d’Ofdreiwung illegal ass an déi betraffe Fraen doduerch op ganz geféierlech alternativ Methoden zeréckgräifen.
D’Rechter vun enger Fra halen net op der Lëtzebuerger Grenz op.
Mir Piraten setzen eis an fir Dignitéit, Autonomie a Gläichberechtegung. D’Rechter fir Frae sinn net verhandelbar.
Et gëllt haut dofir ze suergen, dass bei den nächste Generatiounen all Fra ouni Ausnam an ouni Angscht an Ënnerdréckung hir eege Choixen an aller Fräiheet kann treffen.