Am Neie Joer bleift de Logement leider ëmmer nach een Aktualitéitsthema. Ee leidege Sujet, deen net just eis Jonk mat an dëst Joer an soumat an d’Waljoer begleet.
Wärend de leschte Joren huet de Lëtzebuerger Wunnmarché just een Trend kannt, mat Präissteigerunge vu ronn 10% pro Joer.
Dat internationaalt Ëmfeld, d’Inflatioun an d’Zënserhéijungen vun der Europäescher Zentralbank sinn elo nei Facteuren, déi den Wunnmarché quasi op d’Kopp geheie wäerten.
D’Zënserhéijung trëfft verstäerkt Familljen, déi schonn ee Prêt hunn.
Wann ee ganz rezent kaf huet, ass d’Schold um Prêt elo oft souguer méi héich wei de Wäert, deen d’Haus nach huet.
Vill Leit kommen an d’Laberenten, well hire Prêt ze deier gëtt.
An net just deen ass erop gaangen, mee duerch d’Inflatioun sinn och nach all déi aner Liewenskäschten eropgaangen.
D’Zënserhéijung trëfft awer och déi Leit, déi kee Prêt hunn, well déi kréien och kee méi accordéiert vun hirer Bank.
Laut der Chambre des Métiers wäerten dowéinst eleng dëst Joer 1.500 Wunnengen manner gebaut ginn, ewéi virgesi war.
An dat an enger Wunnengskris.
Elo ass et un de Parteien, fir déi richteg Moossnamen ze proposéieren, fir duerch dës nei Wunnengskris ze kommen.
__________________________________________________
Mir Piraten soen Iech ganz kloer, wou mir Iech direkt géingen hëllefen:
Fir Iech direkt finanziell z’entlaaschten , géife mir bei der Steiererklärung den Undeel un Zënsen verduebelen, deen ee fir säin Immobiliëprêt op sengem Éischtwunnsëtz dierf ofsetzen.
Dir kritt also direkt via är Steiererklärung eng Hëllef, fir d’Zënsen ofzefiederen.
Sollt EZB weider erop goen mat den Zënsen, géinge mir de Montant verdräifachen.
De Staat souwéi d’Gemengen mussen an der Wunnengskris dann och hier Verantwortung iwwerhuelen.
Déi ëffentlech Hand muss elo déi eidel Wunnengen zum Entsteeungspräis vun de Promoteuren opkafen.
Zousätzlech dozou kéinten déi 1.500 Wunnengen, déi dëst Joer manner fir de Privatmarché gebaut wäerte ginn, am Optrag fir de Staat gebaut ginn.
De Staat besëtzt honnerten Hektar Bauland.
D’Handwierker sinn elo disponibel.
An d’Baufirmen brauchen Opträg!
Et ass elo de Moment, fir hei schnell ze handelen, fir zesummen méi ëffentlechen Wunnraum ze schafen.
Mir Pirate géingen schnell handelen an net schlofen, wéi déi aktuell Regierung.
Déi néi staatlech Immobilien sollen da fir 10 Euro den Meter Carré ënnert der Form vum Mietkauf ugebuede ginn.
Dës Wunnengen bleiwen dann an der Hand vum Staat an hëllefen jidderengem.
Mat dëse Proposen gi mir Piraten Iech d’Chance een Daach iwwert de Kapp ze hunn.
Wann s du selwer eng Hand bei de Piraten mat upake wëlls, da gëff och du Pirat a schaff mat eis.
D’Gemengewalen sti virun der Dier an et ass deng Chance fir direkt lokal bei dir fir Verännerung ze suergen.
Schreif eis, gëff Kandidat.