Dëst Joer sinn Europawalen, vill wäerten elo soen, „Oh Nee schonn erëm Walen. Elo kommen erëm dausende vu Plakate mat eidele Versprieche vun de Parteien, wou duerno schnell vergiess sinn. Kéint een sech dat net spueren?”
Ech verstinn esou Aussoen. D’Enttäuschung an awer och Erwaardung, beim Thema Europäesch Unioun ass grouss, an dat soen ech als iwwerzeegten Europäer.
Et geet een zwar wielen, mee et fillt sech un, wéi wann déi eege Stëmm wéineg Gewiicht hätt. Zum Deel ass dat och richteg, well aktuell just déi al etabléiert Parteie fir Lëtzebuerg am Europaparlament vertruede sinn. Genau dat ass de Grond wisou ech meng Kandidatur stelle fir mat de Piraten an des EU-Wal ze goen: fir nei a gerecht Weeër fir d’ EU.
Europa huet ee risegt Potenzial, mee ze vill gëtt vun Uewen erof decidéiert, ouni dass Dir matbestëmmen oder verännere kënnt. Genau do pake mir Piraten un, mir setzen d’Prioritéit op méi Matbestëmmung.
Europa ass net weit ewech, mee ganz no: vill Entscheedungen hunn direkten Afloss op ären Alldag, dofir ass et och net egal wien dir am Juni an d’Europaparlament wielt.
Drift d’EU weider no Riets of, da riskéiert Dir, a MIR all, an der EU ee méi kale soziale Wand ze spieren. Mir Pirate sti fir Mënschlechkeet. Mir sinn am Juni de Wee fir ee weidere Rietsruck ze verhënneren. Mir wëllen net zeréck zu enger Politik, géint déi eis Grousselteren sech agesat hunn.
Eis Positiounen an Europa si kloer, mir Pirate sti fir eng staark Europäesch Unioun, a fir déi Europäesch Iddi. Mir stinn awer net fir alles, wat déi aktuell Politik vun der EU ausmécht, mir sti fir eng méi breet an transparent Matbestëmmung vun de Bierger.
An den haitege schwieregen Zäiten, mat Konflikter op an no bei eisem Kontinent, dierfe mir kee Ruck a Richtung vu radikalen Tendenze riskéieren.
Mir Pirate sti kloer fir de Frieden, fir méi Diplomatie, fir méi Europa fir Jiddereen.
Firwat ech op der Säit vun de Pirate kandidéieren: Mir Piraten si fir Matbestëmmung fir Jiddereen. Ech si bei de Piraten de Beoptraagte fir de Sujet vum Handicap, setze selwer am Rollstull a vill vun Iech kenne mech a wëssen, dass ech mech ëmmer agesat hunn, fir d’Rechter vu Persoune mat Beanträchtegungen. Grad mir Mënsche mat Handicap brauchen och en accessibelt Europa, wou jiddereen sech fräi beweege kann a keng baulech Hürde méi sinn. Dat geet awer just, wa mir och zu Bréissel a Stroossbuerg vertruede sinn, fir direkt scho vun Ufank un och d’Belaanger vu Persoune mat Aschränkungen ze vertrieden.
Fir e bessert Europa fir Jiddereen – Piraten