D’Wikinger hu fréier iwwert d’Schëffer gesot: Iwwert de Wand kënne mir net bestëmmen, mee mir kennen d’Seegel riichten. D’Seegel si bei de Piraten Enn Dezember mat neie Statutten an neie Verantwortungen geriicht ginn.
Zu drëtt stelle mir, zesumme mat eisen 2 Tresorieren, dat neit Koordinatiounsteam vun de Piraten. Mir gleewe fest un eng besser Zukunft an eis Prioritéite si kloer: Vertrauen opbauen, eis nei Prozeduren ëmsetzen, d’Zukunft vun der Partei net méi vun externe Faktoren dreiwe loosse mee selwer an d’Hand huelen, Membere mat abauen an der Dynamik an der Partei en neie Wand ginn. Innovatioun, Bedeelegung, Transparenz a Seriositéit, dat sinn déi Wäerter fir déi mir wäerten astoen.
Eis nei Statutte fungéieren hei als neie Kompass deen der Partei en neit Banneliewe verschreift. Et ass e moderniséierte Kader deen sech duerch méi Transparenz, mei Basisdemokratie, méi Effikassitéit an och méi Kloerheet auszeechent. D’Statutte sinn awer nëmmen en Text, nëmmen eng Virgab. Hannert dëser Theorie sti Mënschen, sti Memberen a Verantwortlecher déi mat Motivatioun an Engagement elo dësen Text versiche beschtméiglech mat Liewen ze fëllen.
Nei Statutte sinn e wichtege Schrëtt, an awer net d’Léisung fir all Erausfuerderungen déi sech eiser Partei stellen. Mir wäerte versichen op allen Niveauen eis esou anzebréngen, dass och no baussen erëm kloer gëtt, dass mat eis ze rechnen ass.
Dat eent ass eist Banneliewen an der Partei, dat anert ass eise konstante politeschen Asaz. Mir stinn ëmmer nach fir eis Wäerter, fuerderen d’Regierung eraus a weisen se kloer op sämtlech ongerecht Emstänn an eiser Gesellschaft hin. Mir brauche kee kompletten Neiopbau, mir brauchen Engagement, Motivatioun an Aarbecht.
Mir sinn eng Partei mat gewielte Vertrieder déi net opgehalen huet, sech fir d’Leit an eiser Gesellschaft anzesetzen, hire Suergen nozelauschteren an de Fanger a Wonn ze leeë wann et heescht eise gesetzleche Kader ze änneren. Hei steet kuerzfristeg virun allem déi finanziell Situatioun vun de Stéit zu Lëtzebuerg am Vierdergrond. D’Laascht ass einfach gesot ze héich, sief et am Beräich vum Logement, vun der Energie oder och bei de Steieren. Ëmmer méi Leit hu Problemer iwwert d’Ronnen ze kommen. Et ass oft keng Fro vu Liewensqualitéit, mee vun Iwwerliewen. An d’Aussiichte sinn net gutt, steigend Stroumpräisser, steigend Liewenskäschten, an eng Logementspolitik, déi op de Bénéfice vu Promoteuren ausgeluecht ass. Mir wäerten eis wieren, sief et an der Chamber oder op lokalem Niveau mat eise Mandatairen, mir wäerten eis fir Iech asetzen! Mellt Iech bei eis, mir hunn en oppent Ouer fir Är Suergen. De Kontakt mat Iech, den Asaz fir Iech, dat huet d’Piraten ëmmer ausgemaach a wäert och elo am Vierdergrond stoen.
Mir wëllen fir eng nei Euphorie suergen. Mir si stolz Piraten ze sinn, an opbauend op deem wat mir an der Partei gesinn, ginn mir all eisErausfuerderungen och mat voller Iwwerzeegung an Zouversiicht un. Mir lafen net fort, mir suergen fir Besserung!