Wien éischt Hëllef leeschte kann, dee ka Liewe retten.
Leit déi een Éischt-Hëllef-Cours gemaach hunn, léieren déi richteg Reflexer an Handlungen.
Et ass en Akt vun immenser Wichtegkeet, vu Solidaritéit, vu Verantwortung a vu Mënschlechkeet.
Et ass also nëmme logesch, dass d’Politik hei zu Lëtzebuerg soll e Kader setzen, dee sécherstellt, dass esou vill Leit wéi méiglech an eiser Gesellschaft wësse wat een an Noutsituatioune maache kann a soll.
Laut offiziellen Zuele vum CGDIS, sinn zu Lëtzebuerg 2024 awer nëmmen 13 Prozent vun der Bevëlkerung am Besëtz vun engem Éischt-Hëllef-Diplom deen net méi al wéi 5 Joer ass.
Stellt Iech vir, dir sidd an enger Noutsituatioun, an 9 vun 10 Leit ronderëm Iech, wëssen net wat ze maachen ass.
Et ass eng Virstellung déi leider hei zu Lëtzebuerg Realitéit ass an Angscht mécht.
Mir sinn eis also eens, et muss eppes geschéien.
D’Regierung schwätzt vu punktuellen Aktiounen an der Hoffnung, dass d’Leit och Ausbildungen am Ausland maachen.
Nee léif Regierung, Hoffnung ass keng Strategie !
Mir Piraten an och ech perséinlech sinn der Meenung, dass et heifir nei Mesuren an Aktiounen op ganz villen Niveaue muss ginn.
Zum Beispill sollt et obligatoresch sinn, dass een an Zukunft fir den Erhalt vum Führerschäin – een Éischt-Hëllef-Cours muss bestoen, esou wéi et an Däitschland och schonns de Fall ass.
Dëse Cours sollt och fir jidderee gratis sinn, Liewe rette soll net mat engem Präis verbonne sinn.
„Eng aner Solutioun kéint sinn, een Éischt-Hëllef Cours an den Educatiounssystem anzebannen, zum Beispill op enger troisième oder enger deuxième.“
Och op aneren Niveaue muss eppes geschéien. Aktuell ass et esou, dass an der Schoul, mee och a Betreiungsstrukturen, den Éischt-Hëllef-Cours fir d’Léierpersonal oder Educateuren net obligatoresch ass.
Besonnesch Leit déi an hirem berufflechen Alldag mat vill anere Leit a Kontakt sinn, oft Leit déi sech net ëmmer sëlwer hëllefe kenne, wei kleng Kanner an eeler Leit, sollten esou eng Ausbildung suivéiere mussen.
Employéeën allgemeng sollten d’Méiglechkeet ginn – fir Formatioune wärend hirer Aarbechtszäit ze maachen.
Och d’Disponibilitéit vu Couren ass aktuell e Problem, vill Leit wëlle, mee fanne keng Plaz.
Et misst ee weider Zesummenaarbecht mat aneren unerkannte Formateuren envisagéieren, esou dass et och dorun net scheitere kann.
Iwwerloosse mir et net dem Zoufall dass ee vu villen grad präsent ass, suerge mir dofir dass esou vill Leit wéi méiglech eng Grondausbildung an éischter Hëllef maachen.