RTL mellt eng privat Soirée vum Marc Giorgetti mat DP an CSV

Dës Woch deckt RTL op datt DP & CSV (+ e fréieren LSAP-Minister) en Treffe mat Lobbyiste vun der Baubranche haten.

Natierlech “reng als Privatpersounen”. Ma wann et Privatpersoune sinn, firwat gouf dann am Interview mam RTL drop bestanen, dass och aner Parteien invitéiert gi sinn? War et also wierklech een Iessen ënnert Kolleeg:innen? Oder war et een Treffen vun engem Matbesëtzer vun enger vun de gréissten Baufirmen hei am Land mat deenen Parteien, déi een an enger nächster Regierung kéinnt gesinn? Kommen esou Treffen virun de Wale méi oft vir? Goufen et schonn Sondéierungsgespréicher tëscht DP an CSV am Restaurant? 
Egal wéi d’Äntwerten op all dës Froe sinn: fest steet, d’Firma Felix Giorgetti ass net am Transparenzregester vun der Chamber agedroen.

Et sinn esou Geschichten déi d’Vertrauen an d’Politik zerstéieren. Mir Piraten fuerderen Opklärung iwwert dëse Virfall! Mir fuerderen och kloer Transparenz iwwert d’Geschäfter, déi de Lëtzebuerger Staat mat der Firma Felix Giorgetti an de leschte Joere gemaach huet. No dem Skandal mat der Firma Oeko-Service Luxembourg S.A beim Thema Superdreckskëscht ass fir eis Pirate kloer, dass bei Projeten, déi mat ëffentleche Gelder finanzéiert ginn, muss absolut Transparenz herrschen. 

Duerch d’schick Iesse goe mat Grossgrundbesetzer beim Glas Wäi wäerte mer d’Logementskris op jiddefalls net geléist kréien. Et gëtt Zäit fir een neien Usaz an der Logementspolitik mat neie Gesichter a neie Parteien.

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst