RTL an de Standuert Lëtzebuerg

Den 8. Oktober huet RTL Group an engem Communiqué geschriwwen, datt vun am ganzen 198 Persounen, déi aktuell am « RTL Group Corporate Centre » zu Lëtzebuerg schaffen,  94 solle gekënnegt kréien oder delokaliséiert ginn. Méi konkret solle 50 Plazen ersatzlos gestrach ginn a 44 Persoune solle laut dësem Dokument op Köln delokaliséiert ginn. An dësem Communiqué schwätzt RTL Group jeeweils nëmme vum Total vun de Persounen am « Corporate Center », ouni dës op déi eenzel rechtlech Entitéiten opzedeelen. D’Diskussiounen tëscht RTL Group an de Gewerkschafte sollen de 14. Oktober 2019 ufänken an zäitno ofgeschloss ginn. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N° 1181 huet de Premier ënnert anerem geäntwert: “De Minister huet keng Indikatiounen, déi géife weisen, dass den Attachement vum RTL Group mat Lëtzebuerg kuerz- a mëttelfristeg a Gefor wier.” A weider schreift de Minister: “Et ginn och keng Indikatiounen dofir, dass weider Aktivitéite vun der CLT-UFA SA oder déi Lëtzebuerger Programmaktivitéite vun enger Restrukturatioun betraff wieren.” De Minister huet an der selwechter Äntwert och nieft der Konventioun op e Kontrakt verwisen, deen den Ancrage vun der RTL Group zu Lëtzebuerg bis 2030 reegelt.

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement dem Minister fir Kommunikatioun a Medien dës Froe gestallt:

  • Ass an deem genannte Vertrag gereegelt, wat ënnert dem Ancrage vun der RTL Group zu Lëtzebuerg genee ze verstoen ass?
  • Stëmmt et, datt, wat den Ancrage ugeet, an deem Kontrakt en Ënnerscheed tëscht der CLT-UFA SA an der RTL Group gemaach gëtt?
  • Huet de Ministère Kenntnis doriwwer, wéi vill Persounen (opgedeelt no juristeschen Entitéiten), am Corporate Center vum RTL Group  schaffen?
  • Wéi vill Leit sollen nom aktuelle Stand pro juristesch Entitéit delokaliséiert ginn bzw. wéi vill Plaze sollen ofgebaut ginn?
  • Stëmmt et, datt an deem genannte Vertrag gereegelt ass, wéi eng Aktivitéite bis 2030 mussen zu Lëtzebuerg stattfannen?
    Wa jo, wéi eng sinn dat?

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de