Wéi eng Qualitéit fir eis Mobilitéit? RGTR, TICE oder CFL?

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1932 liwwert Ministesch d’Informatiounen, dass am RGTR-Reseau 185 Buslinne vun 11 privaten Entreprisë bedriwwe ginn, woufir de Staat 237 Milliounen Euro ausgëtt.

Wann een d’Passagéierzuelen vum RGTR kuckt (45 Milliounen pro Joer, MMTP, 2020), da kascht den RGTR pro Passagéier am Duerchschnëtt 5,28€. Fir den TICE sti ronn 54 Milliounen Euro am Budget bei engem Passagéierpräis vun 7€ während d’CFL-Busser mat 59 Milliounen finanzéiert ginn an ee Passagéierpräis vun 14,20€ hunn (Äntwert op d’Fro n°1099).

D’Differenz vum Präis erkläert sech duerch déi ënnerschiddlech Opstellung tëschent de parastaatlechen Organisatiounen a privat gefouerte Firmen a ville weider Faktoren, wéi d’Ministesch an hiren Äntwerten erkläert huet. D’Qualitéit vun de Prestatioune souwéi gutt Aarbechtskonditioune spillen hei och eng entscheedend Roll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der leschter Äntwert op d’Fro n°1932 huet d’Ministesch uginn, dass verschidde Busfirmen iwwert Sous-Traitance schaffen. Kënnen dës Linnen och un europäesch Busfirme verdeelt ginn? Falls jo, bei wéi enge Busfirme gëtt dat gemaach, wie sinn hei d’Sous-Traitanten a wéi vill kréien dës Sous-Traitanten fir hir Servicer?

  2. Kann d’Ministesch soen, wéi vill Busentreprisen/Busfirmen insgesamt hei am Land existéieren (och déi, déi net ënnert dem RGTR fueren)?

  3. Wéi oft sinn d’Busser beim RGTR an de vergaangenen zwee Joer ausgefall?
    Wéi oft war dëst bei den CFL a beim TICE de Fall?

  4. Wéi vill Accidenter, an deenen ee Gefier vum RGTR verwéckelt war, goufen et an de vergaangene 5 Joren?
    Wéi vill Accidenter, an deenen ee Gefier vum TICE oder den CFL verwéckelt war, goufen et an de vergaangene 5 Joren? 

  5. Wéi héich ass den Taux d’absentéisme beim RGTR am Verglach zu deem vum TICE an den CFL fir d’Joren 2022, 2023 an 2024?

  6. Wéi héich ass den Taux vum Employee turnover beim RGTR par rapport zu deem vum TICE oder den CFL iwwert déi lescht 5 Jore gekuckt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2082

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de