Iwwerschwemmungen am Rio Grande do Sul

Staark Reefäll am brasilianesche Bundesstaat Rio Grande do Sul hunn an an de leschten Deeg zu extremen Iwwerschwemmunge gefouert. Méi wéi 88.000 Mënschen hunn hier Haiser a Wunnenge misste verloossen. D’Haaptstad Porto Alegre war temporär komplett iwwerschwemmt a vill Persoune gi vermësst oder hunn d’Iwwerschwemmung net iwwerlieft. 

An de leschte Méint gouf Brasilien ëmmer nees vun extreme Wiederevenementer wéi Starkreen oder Hëtzewelle getraff, wat mat vill Leed fir d’Bevëlkerung verbonnen ass. Och e puer Dausend Letzebuerger:innen liewen am Rio Grande do Sul a si concernéiert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Plangt eis Regierung dem Bundesstaat Rio Grande do Sul a sengen Awunner:inne mat konkreten Hëllfsmoossnamen zur Säit ze stoen?

  2. Falls jo: Wéi eng Hëllefsmoossname si geplangt bzw. goufe schonns ausgefouert?

D’Urgence vun der Fro gouf vun der Chamber net unerkannt.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 698

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt