Am Règlement grand-ducal du 17 août 2018 gëtt festgehalen, wéi d’Uniform vun der Police auszegesinn huet.
Normalerweis däerfen der Policeuniform keng individuell Accessoiren dobäigefüügt gi vum Porteur. An der Vergaangenheet gouf et am Ausland a rezent och hei zu Lëtzebuerg awer ëmmer nees Fäll, an deene Polizisten opgefall sinn, well se un hirer Uniform Symboler befestegt haten, déi näischt mam Policedéngscht, mee mat privaten Iwwerzeegungen a Verbindungen zur rietsextremer Zeen ze dinn haten.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Fäll sinn der Regierung bekannt, an deene Polizisten un hirer Uniform Zeechen, Symboler oder aner Objete befestegt haten, déi net zu der Uniform gehéiert hunn?
-
Wéi vill Fäll sinn der Regierung bekannt, an deene Polizisten un hirer Uniform Zeechen, Symboler oder aner Objete befestegt hunn, déi net zu der Uniform gehéiert hunn an eng Verbindung zur rietsextremer Zeen haten?
-
Wéi vill Fäll sinn der Regierung bekannt, an deene Polizisten un hirer Uniform Zeechen, Symboler oder aner Objete befestegt haten, déi net zu der Uniform gehéiert hunn, an eng Verbindung zu aneren extremistesche Gruppen haten?
Em wéi eng Gruppen handelt et sech? -
Wéi ass d’Prozedur, wann ee Mataarbechter oder e Superieur feststellt, dass ee Polizist aus senger Entitéit Symboler dréit, déi net zur Uniform gehéieren?
-
Gi Fäll, an deene Poliziste Symboler un hirer Uniform droen, déi eng Verbindung zu rietsextremen oder anere gewaltbereete Gruppen hunn, anescht behandelt ewéi Fäll, an deenen d’Uniform duerch aner ästhetesch Verännerungen oder Accessoiren net konform ass?
-
Wat mëscht d’Regierung fir gewaltbereete Persounen a Mënschen, déi mat rietsextremen oder aneren extremistesche Gruppen sympathiséieren, aus dem Policedéngscht eraus ze halen?
Nummer 3750