Busfirmen beim RGTR

D’Busnetz zu Lëtzebuerg an d’Groussregioun gëtt vum Lëtzebuerger Staat organiséiert iwwert den RGTR. Am System vum RGTR vergëtt de Staat, iwwer Konzessiounsverträg, ee Groussdeel vun de Busstrecken u Privatfirmen. Am Staatsbudget si ronn 275 Milliounen Euro dofir virgesinn. Dës Strecke goufen ëffentlech ausgeschriwwen, souwéi d’Gesetz vun de Marchés publics dat virgesäit. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Busfirmen existéieren hei am Land?

  2. Wéi eng Transportfirme kruten eng Konzessioun vum Staat, fir am RGTR-Netz dierfen ze fueren? (opgelëscht pro Joer, zënter 2022)

  3. Wéi vill Busstrecken existéieren aktuell ënnert dem RGTR a wéi vill Kilometer ëmfaasst d’Busnetz dat?

  4. Wéi vill Busstrecken a wéi vill Kilometere kruten déi jeeweileg Transportfirmen am RGTR-Netz?

  5. Wat ass de relativen Undeel (%) vun all Transportfirma par rapport zum Total vun de Strecken an der Gesamtzuel u Kilometeren?

  6. Wéi vill kruten déi eenzel Transportfirmen am RGTR zënter 2022, opgelëscht pro Joer, ausbezuelt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1932

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene