RGTR Busser am neien Design

2021 ass decidéiert ginn, fir all d’RGTR Busser mat engem eenheetlechen Design auszestatten. D’Iddi war, dass d’Leit besser den Ënnerscheed tëscht RGTR Busser an aneren Buslinnen sollen erkenne kënnen. Ënnerschiddlech faarweg Sträifen op der Säit (gréng, mof, giel,..) weisen, zu wei enger Busfirma de Bus passt. Bis 2022 sollt dësen neien Design op all den RGTR Busser drop sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass mëttlerweil all Bus am RGTR Reseau am neie Look ausgestatt ginn?

  2. Wat ass de Feedback vun de Passagéier?

  3. Wat ass de Feedback vun de Busfirmaen?

  4. Wéi vill huet d’Ëmgestaltung vun de Busser kascht, déi dee Moment am Ëmlaf waren? Wien huet dës Käschte gedroen?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt