Wou ass d’Reglement zur Sécherheet am Bus, Zuch an Tram drun?

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1755 vum 22te Januar 2020 hat de Minister iwwert déi nei groussherzoglech Reglementer geschriwwen, déi d’Sécherheet am ëffentlechen Transport nei organiséiere sollen an déi al Reglementstexter sollen ersetzen. Den Text sollt zu deem Moment scho bal fäerdeg gewiescht sinn, sou d’Äntwert vum Minister. “”Do wäerten dann Bestëmmungen drastoen, wéi ee Benotzer vum ëffentlechen Transport sech soll behuelen, respektiv wat wien net dierf maachen.”” An der Äntwert op d’Nofro n°3484 vum 20te Januar 2021, also ee Joer no der éischter Fro, hat de Minister Folgendes geschriwwen: “”Leider huet d’Pandemie et net erméiglecht dësen komplexen Dossier bis elo ze finaliséieren. An den nächsten Wochen däerf een awer mat engem positiven Resultat rechnen an den Dossier kann soumadder op den lnstanzewee goen.”” Op Legilux sinn, Stand haut, awer nach ëmmer déi nämmlecht groussherzoglech Reglementer a Kraaft. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wou sinn déi vum Minister ugekënnegt Reglementstexter drun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6237

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt