Retard bei de Steierklärungen

Wéi all Joers gëtt och dëst Joer bei der Steierverwaltung op déi lescht Steiererklärungen gewaard. Mengen Informatiounen no, sinn Stand Mëtt Oktober awer manner Steiererklärungen bis elo erakomm wéi déi Joere virdrun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Steiererklärung huet d’Steierverwaltung bis elo fir d’Joer 2022 kritt?
    Wéi vill waren et der bei de personnes physiques?
    Wéi vill bei den Entreprisen?

  2. Wéi vill Prozent vun de Steiererklärung denkt d’Steierverwaltung, dass am Moment nach feele fir d’Joer 2022?

  3. Falls bis elo manner Steiererklärungen erakomm si wéi déi Jore virdrun, hat dëst een Impakt op d’Opschaffe vu Retarden?

  4. Wéini wäert dëst Joer ee Rappell erausgoen, fir d’Steiererklärung ze maachen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8383

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Patienten, déi medezinesche Cannabis brauchen, mussen perséinnlech an eng Kliniksapdikt goen, fir hire medezinesche Cannabis ze kréien. D’Rezepter
D’Europäesch Kommissioun huet am Dezember 2021 en Aktiounsplang adoptéiert, deen d’Promotioun vun Zuchtrajeten iwwer laang Distanzen an domat eng méi nohalteg Mobilitéit virgesäit (Action
An enger Sëtzung vun der Commission des Finances ass eisem Representant op Nofro confirméiert ginn, dass déi temporär Baisse vun der TVA zum 1.