Resolutioun zum Thema Covid Hëllefen

Context: Covid Hëllefen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • D’Land vun enger Pandemie heemgesicht gëtt, déi e groussen Impakt op d’Gesondheet an d’Wirtschaft huet.
  • D’Chamber mat de Projets de loi 7694 (Mesures Covid-19) an 7703 (Hëllefe fir Betriber) saiséiert ass.
  • De Projet de loi 7694 virgesäit dass eng ganz Rei vu Betriber mindestens bis de 15. Dezember zouzemaachen.
  • De Projet de loi 7703 Hëllefe fir net gedeckte Käschten aféiert, déi bis zu 90% vun dëse Käschte kënne bedroen.
  • Dës Hëllefe wichteg fir d’Iwwerliewe vun de Betriber sinn, déi wéinst der Pandemie zougemaach ginn.

Aus dëse Grënn decidéiert d’Deputéiertechamber:

  1. De Projet de loi 7694 réischt op den Ordre du Jour ze huelen wann den 7703 och um Ordre du Jour steet.

D’Resolution huet keng Majoritéit an der Chamber fonnt.

Resolution: Mise à l’ordre du jour simultanée des projets de loi N°7694 et N°7703

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt